Géint 6 Auer koum et um CR101 zu engem Accident mat engem Auto, an deem zwou Persoune souzen.

Wéi d'Police en Dënschdeg géint 14.45 Auer matgedeelt huet, huet déi 34 Joer al Bäifuererin aus dem Norde vum Land den Accident net iwwerlieft. Si ass nach op der Plaz behandelt ginn, ass awer un hiren uerge Blessure gestuerwen.

De Chauffer war net uspriechbar a gouf an d'Spidol bruecht. Leschten Informatiounen no ass dësen awer net a Liewensgefor.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Koplescht a Miersch, de Samu an d'Ambulanze vu Mamer a Lëntgen.

Well d'Streck komplett gespaart war, gouf eng Deviatioun iwwert de Katrewang / Keespelt installéiert. Géint 9.45 Auer war den Accident geraumt an d'Strooss ass nees fir den Trafic opgaangen. Och de Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.

Persounen, déi Informatiounen zum déidlechen Accident hunn, solle sech bei der Police Museldall mellen, dat um 244 701000 oder per Mail u police.museldall@police.etat.lu.

Déidlechen Accident tëscht Schëndels a Koplescht
En Dënschdeg géint 6 Auer ass um CR101 en Auto vun der Streck ofkomm an an engem Gruef widdert enger Mauer un d'Hale komm. D'Bäifuererin huet net iwwerlieft.

Trafic-Info