Reporter.lu stellt an engem Artikel d'Monopolstellung vun der privater Firma, déi hannert der Initiativ stécht, a Fro.

Donieft schwätzt den Online-Magazin vun engem lukrative Geschäft op Käschte vum Lëtzebuerger Steierzueler. Gëtt et hei eng Bevirdeelegung? Ginn hei Steiergelder verschwent? An enger éischter Reaktioun seet d'Ëmweltministesch, op dësem Ament wier hir näischt Opfälleges gemellt ginn.

D'Superdreckskëscht gouf Mëtt 80er Jore vum Staat lancéiert, ass zanter 2005 gesetzlech festgehalen an de Staat schreift d'Aktioun op EU-Marché aus. Dat betount d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Reaktioun op den Artikel e Méindeg vun der Plattform Reporter. Rieds war vun engem Monopol, dee vun der Ëmweltverwaltung gedroen a vun de Steierzueler finanzéiert géif ginn. D'Ëmweltministesch huet am RTL-Interview Verschiddenes wollte kloer stellen.

Et hätt een hei e Gesetz, wat virschreift, a wéi engem Beräich d'Aktioun Superdreckskëscht schafft, wat se leeschte muss, an déi Leeschtunge géifen da fakturéiert ginn, seet d'Carole Dieschbourg. D'Gesetz vun 2005, ënnert dem deemolegen LSAP-Minister Lucien Lux, gouf 2012 vum CSV-Minister Marco Schank iwwerschafft. D'Gesetz géif eng kloer Sprooch schwätzen, betount déi aktuell Ministesch:

"Datt de Staat sech d'Méiglechkeete gëtt, ebe grad privat Leit Léisungen unzebidden a Betriber ze begleeden an ze sensibiliséieren, wéi ee mat Problem-Offäll ëmgeet. Dat mécht d'Aktioun Superdreckskëscht, déi soutraitéiert gëtt an iwwert eng Ausschreiwung vergi gëtt."

Am Gesetz wier och kloer festgehalen, datt de Staat déi Finanzéierung iwwert den Ëmweltfong iwwerhëlt. Ronn 9 Milliounen Euro d'Joer.

"Wou gezielt Leeschtungen erfuerdert ginn. Déi ginn erbruecht a facturéiert. Dat huet e ganz normale Wee, iwwer méi Schreifdëscher. Déi ganz klore Reegelen ënnerleien."

Nieft de Vertrieder vun der Ëmweltverwaltung an dem Ministère wieren och d'Chambre des métiers an d'Chambre de commerce bei der Ausschreiwung dobäi gewiescht, präziséiert déi gréng Ministesch. Just eng Firma huet bei der leschter Ausschreiwung matgemaach. Dat bestätegt d'Ministesch. Déi krut 2018 den Zouschlag fir 10 Joer. Eng gewëss Kontinuitéit wier néideg, fir eng gutt Gestioun vu Problem-Offäll, Informatioun, Sensibiliséierung an Zesummenaarbecht mat de Betriber kënnen ze garantéieren, sou d'Carole Dieschbourg weider.

Mee wéi kënnt et, datt just ee sech op déi europäesch Ausschreiwung gemellt huet?

"Hei ass et sou, datt mer op eng laang Erfarung zeréckkucke kënnen, a fir de Rescht huet de Comité déi Kandidatur aviséiert, dat geet säi ganz normal gereegelte Wee. Firwat et eng ass, dat kann ech iech net äntweren."

Am Artikel vu Reporter geet et och ëm d'Relatioun tëscht den zwee Direkteren, also vun der Firma Oeko-Service a vun der Ëmweltverwaltung, déi privat Frënn wieren. Näischt Ongewéinleches, steet d'Carole Dieschbourg:

"Ech mengen, datt et ganz wichteg ass, ze kucken, ob iergendeppes standhaft ass. Fir de Rescht gëllt ëmmer och d'Onscholdsvermutung. Mir ass à ce stade näischt Extraes bekannt. A wie mat wiem befrënnt ass, ass elo net dat, wat eng Ministesch an dësem Fall kuckt. Mee natierlech préiwe mir alles genee. Sollt iergendeppes zeréckbleiwen oder iergend eng Fro net beäntwert ginn, gëllt et dat ze recherchéieren."

D'Ëmweltministesch huet och betount, mam Dossier an déi zoustänneg Chamberkommissioun ze goen, fir den Deputéierte Ried an Äntwert ze stoen. D'Ëmweltkommissioun kënnt an enger Woch zesummen.

Suivi Superdreckskëscht / Rep. Claudia Kollwelter