Dat ass esou e Méindeg op der Plattform Reporter ze liesen.

D'Superdreckskëscht ass kee karitative Veräin. Hei huet eng privat Firma e Monopol, dee vun der Ëmweltverwaltung gedroen- a vum Steierzueler finanzéiert gëtt. Esou Aussoe sinn um Méindeg de Moien op der Plattform Reporter ze liesen.

Am Artikel, an deem Leit aus der Branche zitéiert ginn, ass rieds vum „System Superdreckskëscht“. Hannert der Superdreckskëscht fënnt een d'Firma Oeko-Service, geréiert vun zwee däitsche Geschäftsleit. D'Firma géing vun engem privilegiéierte Partenariat mam Staat profitéieren.

Rezent wier mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Kontrakt ënnerschriwwe ginn, deen iwwer 11 Joer geet a wou e finanzielle Kader vu ronn 97 Milliounen Euro determinéiert gëtt. Suen, déi aus dem Ëmweltfong stamen.

D'Firma Oeko-Service an d'Ëmweltverwaltung wieren enk matenee verflecht, béid Direktere wiere privat Frënn, heescht et weider am Artikel. D'Konkurrenz géing d'Fauscht an der Täsch maachen.

Problematesch wier ënner anerem Gesetz vun 2005, wat op d'Firma Oeko-Service zougeschnidde wier a wat aner Acteure géing ausschléissen.

Derbäi kéimen dann eventuell Interessekonflikter. Ee vun den Direktere vum Oeko-Service géing nämlech e ganze Reseau vu Firme mat-besëtzen a geréieren Aktivitéiten, déi eventuell net kompatibel mat der Superdreckskëscht wieren.

De Comité de pilotage als Kontrollinstanz wier op alle Fall a Fro ze stellen an an de leschte Finanzbilane vun der Firma Oeko-Service géingen et "Opfällegkeete" ginn, sou heescht et nach op der Plattform "Reporter".

Reaktioune vun der Oppositioun

"D'Ministesch an hir Leit aus dem Ëmweltministère, déi hunn elo e Problem. Ech ka mer virstellen, datt déi kee gudden Dag haut hunn. Datt déi eng Krisestëmmung haut hunn. Well an deem Artikel gi staark Uschëllegunge formuléiert. Géint d'Ministesch a géint hier Verwaltung. Do geet riets vu Kontrakter, déi net sollen agehal ginn, vun Bervirdeelege vun enger Entreprise, vu Verschwendung vu Steiergelder, souguer vu Vetternwirtschaft." sou den ADR-Deputéierte Fred Keup. "Wann eppes do ass fir d'Justiz, dat ass dann déi Affär. Eis Aufgab ass et als Deputéiert, fir d'Regierung ze kontrolléieren. A mir wäerten alles maachen, fir dat dote vu vir bis hannen ze kontrolléieren.

"Dat, wat hei virgeworf gëtt, ass u sech skandaléis. Et ass esou, wéi wann dëst zu engem Selbstberäicherungs-Outil fir e puer Kolleegen vun engem Beamten um Ministère gi wier. Falls sech dat wierklech konkretiséiert, dann ass dat immens problematesch. A wat immens problematesch ass, ass och, datt et sou laang fonctionéiert. Mir schwätzen hei net vun engem Minister, deen dat huet. Oder ignoréiert huet oder näischt wosst." sou d'Reaktioun vum Sven Clement vun de Piraten. Déi haut och schonn eng parlamentaresch Ufro fir weider Erklärunge vun der Ministesch gestallt hunn.  Um politeschen Niveau froe mir elo direkt eng Kommissiounssëtzung, wou mer eis déi Faiten dann och eng Kéier vun der Madamme Ministesch duerleeë loossen. Och en Presence vun deem concernéierte Beamten, deen hei jo dach immens chargéiert gouf."

Den David Wagner vun déi Lénk wëll Äntwerten op Froen, déi sech no dem Liese vum Artikel weider stellen. Déi de Beamten, op Nofro vu Reporter hin, net beäntwert huet. "Natierlech ass jidderee fräi, engem Journalist eng Äntwert ze ginn oder net. Elo ass et awer eng aner Saach. Well ech mengen, als Deputéiert, wann ee mat deenen Informatiounen confrontéiert gëtt, kënne mer net derlaanscht kommen, fir déi Froen och opzewerfen. An der Kommissioun, der Ministesch. An ech mengen da si mer an engem aneren Zenario."