Rastplatz Markusberg                            
                            Grenzkontrollen op der däitsch-Lëtzebuerger Grenz werfe Froen op
Déi däitsch Police mécht zanter e Sonndeg Kontrollen um Parking Markusbierg, kuerz hannert der Grenz op der Tréierer Autobunn.
D'Zil vun der Aktioun, sou gëtt ee säitens dem SWR gewuer, wier et Schleiser an Drogen- respektiv Waffenhändler ze fannen. Am Kader vun de Kontrolle gouf och iwwerpréift, op sech un d'Corona-Mesure gehale gouf.
Ma dëst wieren awer keng Grenzkontrollen, eng Angscht, déi vill Leit schonn haten, et wier eng regulär Iwwerwaachung vun der Grenz, esou d'Police an Däitschland. Bei enger Grenzkontroll géif net Stéchprouwen-méisseg gepréift ginn, mä all Auto, deen iwwert d'Grenz fuere wëll. E Méindeg sollen dës Kontrollen dann och weider goen.
                            Am meeschte gelies