Geschitt ass den Accident op der N12, dat e Méindeg géint 7.30 Auer.

Beim Accident goufen zwou Persoune blesséiert, d'Streck gouf zäitweis gespaart, fir d'Plaz vum Accident ze raumen.

Op der Plaz waren Ekippe vun Ettelbréck, Wolz a Géisdref.

E Freideg huet d'Police dowéinst elo en Zeienopruff lancéiert. Gesicht gëtt ënnert anerem no engem bloen Auto.

© Domingos Oliveira (RTL)