
De geographeschen Informatiounssystem vun der Groussregioun an d’Associatioun Atmo Grand-Est, déi d’Loftqualitéit eben am franséische Grand-Est surveilléiert, hu sech zesummenzedoen an eng Kaart erstallt. D’Zil: all Bierger*in an der Groussregioun ka mat e puer Klicken um Computer déi aktuell Loftqualitéit an der ganzer Regioun nokucken. Aus deem Grond gëtt et d’Kaart an dräi Sproochen, Däitsch, Franséisch an och Englesch.Déi Responsabel schreiwen, déi interaktiv Kaart géif Stonn fir Stonn aktualiséiert ginn. Op 98 Miessstatiounen an der Groussregioun, dovu sechs zu Lëtzebuerg, ginn d’Donnéeën iwwer den Zoustand vun der Loft erfaasst. A wien an den Detail goe wëll, kann och eppes gewuer ginn iwwer den Typ vun der Miessstatioun. An der Stad Lëtzebuerg op der Place Winston Churchill steet zum Beispill en Apparat, dee sech a senge Miessungen haaptsächlech op den Trafic konzentréiert. Bei Biekerech steet eng Statioun, déi d’Loftqualitéit méi generell miesst.