Dossier SuperdreckskëschtOppositioun net zefridde mat Äntwerte vun der Regierung

Pierre Jans
Am Dossier Superdreckskëscht gëtt jo en Audit gemaach. E Mëttwoch war dat Ganzt schonn Thema an der Chamber-Ëmweltkommissioun.
Dossier Superdreckskëscht Thema a Chamber-Kommissioun
Am Dossier Superdreckskëscht gëtt jo en Audit gemaach. E Mëttwoch war dat Ganzt schonn Thema an der Chamber-Ëmweltkommissioun.

Dossier Superdreckskëscht / Reportage Pierre Jans

Am Dossier Superdreckskëscht gëtt en Audit gemaach. Dat huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Galles a Gloden annoncéiert. Eng Partie Explikatiounen aus dem zoustännege Ministère koumen e Mëttwoch deemno scho virun der Entrevue vun der Ministesch an der Chamber-Ëmweltkommissioun, wou d’Deputéiert Geleeënheet haten, nozefroen. D’Oppositioun bedauert, keng kloer Äntwerte kritt ze hunn.
An net nëmmen dat. Onofhängeg vuneneen hu souwuel de Sven Clement vun de Piraten wéi och den ADR-Deputéierte Fred Keup sech driwwer beschwéiert, wéi hinnen d’Informatiounen zur Verfügung gestallt goufen, fir sech ob dës Kommissioun ze preparéieren.

Hei de Fred Keup: “Déi Kommissiounssëtzung huet um 15.30 Auer ugefaangen. 23 Minutte virdru krute mir eng ganz Partie Dokumenter geschéckt, dorënner och e Kontrakt vun 38 Säiten. Do huet ee keng Zäit méi, fir dat nach ze kucken. Der Ministesch kann een also reprochéieren: dat ass Alibi.”

D’Froen, déi no engem Artikel am Online-Magazin Reporter am Raum stinn, si kloer: huet déi privat Firma Oeko-Service, déi hannert der Initiativ Superdreckskëscht steet, effektiv eng Monopolstellung? Gëtt et eng Concurrence déloyale? A goufe Kontrakter tëscht der Firma OSL an der Regierung net agehalen?

D’Äntwerte vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg a vum Wirtschaftsminister Franz Fayot stellen de Sven Clement vun de Piraten net zefridden: “Wann een den zwee Ministeren an hire Beamte gleeft, dann ass et natierlech kee Monopol, well et eng europäesch Ausschreiwung gouf, ob déi sech ebe just ee Betrib gemellt hat.”

A wichteg Informatiounen hätt een einfach net kritt.

“Präisser, dat wat de Staat zu wéi enge Konditiounen un den Oeko-Service bezilt. Dat ass e grousse Secret bliwwen.”

Et géif keng Unhaltspunkten, dass et am System Superdreckskëscht Ongereimtheete ginn, heescht et an der Äntwert op d’Question parlamentaire vun zwee CSV-Deputéierten. Ma et géif een et préiwe loossen. Virun allem op de Comité de pilotage, deen d’Superdreckskëscht kontrolléiere soll, richteg funktionéiert.

En Audit wär wichteg, seet den CSV-Deputéierte Paul Galles. Ma och hien hätt nach sëllege Froen.

“Mir sinn nach net zefridde mat dem wat mir elo do héieren hunn. Ech muss awer och soen, dass mir net wëllen dofir suergen, dass de System net méi funktionéiert. Eis Grondastellung ass déi, dass mir soen: komm mir kucken no vir, komm mir raumen op a suergen dofir, dass de System transparent ass. Mir brauchen dee System onbedéngt.”

Dorun zweiwelt keen Deputéierten. Och net de Sven Clement. Deen interesséiert sech fir aner Froen.

“Wéi ass d’Gouvernance? Wien ass woufir responsabel a wien hëlt d’Entscheedung? Wie stécht d’Suen an d’Täsch? Hei hunn ech d’Gefill, dass Leit sech eng Maschinn fir Geld ze drécke geschaaft hunn, an dass d’Ministeren der Rei no nogekuckt hunn.”

D’Superdreckskëscht gouf Mëtt den 80er Jore vum Staat lancéiert, ass zanter 2005 gesetzlech festgehalen. D’Firma Oeko-Service, déi de Walter-Bridder gehéiert, krut 2018 den Zouschlag fir weider 10 Joer. Gesamtkäschtepunkt vum Kontrakt: 97 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO