Am Mee d'lescht Joer huet de Luxembourg Insitute of Health ugefaange mat der Entwécklung vun engem eegenen Impfstoff.

Et huet een op de klassesche Prinzip vun engem Protein-baséierte Vaccin gesat.

De Prof. Markus Ollert war Invité am RTL-Wellebriecher an huet iwwert d'Entwécklung vun engem Lëtzebuerger Vaccin geschwat. Dësen Impfstoff baséiert op engem Eewäiss.

Den Impfstoff gëtt am Labo geziicht  an da fir eng Impfung beim Mënsch preparéiert. Déi Technik gëtt schonn zanter 10, 20 Joer bei Vaccinen ugewannt. Wat e Lëtzebuerger Impfstoff ugeet, hätt een déi éischt Phas vum Projet ofgeschloss.

Et konnt och schonn an Déierenexperimenter nogewise ginn, datt de Vaccin fonctionéiert. D'Déieren hätten Antikierper géint den Antigen aus dem Coronavirus entwéckelt, déi mat deene vu Patiente vergläichbar sinn, déi hei am Land am Spidol behandelt goufen an d'Infektioun iwwerstanen hunn.

D'Methoden, déi entwéckelt goufen, sollen elo patentéiert ginn. An et hofft een, datt ee bannent den nächsten zwee Méint d'Technologie kann oppeleeën, fir och no Partner fir d'Produktioun ze sichen. Et gi vill Pharmakonzerner weltwäit, déi et net gepackt hunn en Impfstoff oder Serum z'entwéckelen. Vläicht sinn déi grouss Pharmarisen och un de Fuerschungsentwécklungen aus dem Lëtzebuerger Labo interesséiert.

De ganze Podcast fannt Dir hei.