Gesetzprojet 7753: OGBL fäert Privatiséierungstendenzen am ëffentleche Secteur
© Domingos Oliveira
No der Schoul geet et déi Kéier ëm de Fleegesecteur an ëm de Grupp Servior. Am Fokus vun der Kritik steet de Gesetzprojet 7753.
De Gesetzprojet 7753 schmaacht dem onofhängege Gewerkschaftsbond iwwerhaapt net. Hei géif de Familljeministère d'Dier opmaache fir Privatiséierungen am Fleegesecteur, esou den OGBL, fir deen de Projet eng Attack op de Kollektivvertrag bedeit.
Et geet ëm de Grupp Servior, de Bedreiwer vun Alters- a Fleegeheemer. Den zoustännegen OGBL-Sekretär stéiert sech op alle Fall un enger Rëtsch Elementer am Gesetzprojet 7753. De Gesetzprojet géing Regruppéierungen an Auslagerunge vun Aktivitéite méiglech maachen, bedauert de Pitt Bach:
"Servior soll d'Méiglechkeet kréien, Aktivitéiten ze regruppéieren an ze externaliséieren, zum Beispill de Beräich Restauratioun, Logistik, administrativen an techneschen Apparat. Dernieft ka Servior selwer Entreprisë grënnen oder Parten a Firmen huelen, déi dës Aktivitéiten da geréieren. Hei läit e Gesetzprojet um Dësch, deen immens wäit geet an der Logik."
De Gesetzprojet géif op alle Fall a senger Logik immens wäit goen. D'Ambitioune géinge sech net op Servior limitéieren.
Fir d'Gewerkschaft gëtt hei e Kollektivvertrag ausenee gepléckt, wat grav Konsequenze kéint hunn.
2.200 Leit schaffe bei Servior, ronn een Drëttel vun deene kéint betraff sinn. Op anere Plazen hätt een ëmmer nees gesinn, datt Externaliséirungen eng Baisse vun der Qualitéit kéinte matsechbréngen. Datt esou politesch Iwwerleeunge grad an dëse Zäite gefouert ginn, dofir huet de Pitt Bach iwwerhaapt kee Versteesdemech.
Leider géing een déi Privatiséierungstendenze bei dëser Regierung méi dacks gesinn, sou den OGBL. Bis ewell wier et leider keen Dialog mam OGBL ginn. Vum Familljeministère wéilt een op alle Fall elo wëssen, wat d'Motivatioun hannert dem Projet wier.
An deem Sënn huet den onofhängege Gewerkschaftsbond en Donneschdeg e Bréif un d'Familljeministesch Corinne Cahen erausgeschéckt. De Syndikat freet do ënner anerem eng Entrevue mat der DP-Ministesch.
D'Familljeministesch reagéiert
Et geet an deem Gesetzprojet iwwerhaapt net ëm Privatiséierungen. Esou reagéiert d'Familljeministesch Corinne Cahen am RTL-Interview. Et géing drëm, fir Synergië mat anere Partner ze sichen, zum Beispill mat den Hospices civils oder dem Südspidol.
D'Aktivitéite vu Servior selwer wieren net viséiert, sou d'Ministesch. Fir d'Mataarbechter géing sech näischt zum negativen änneren an den SAS-Kollektivvertrag géing a Kraaft bleiwen.
Et deet mir Leed, datt den OGBL eng Pressekonferenz mécht iert e mat mir schwätzt, sou d'Corinne Cahen weider.
D'Ministesch geet vun engem Malentendu aus a wëll d'Gewerkschaftsvertrieder sou séier wéi méiglech empfänken.