Et geet ëm Ofwaasser, dat d'lescht Woch no engem Feier an enger Biogas-Installatioun zu Grendel an der Belsch, bei Nidderkolpech an d'Atert gelaf ass.

Vun enger Ëmweltkatastroph a massivem Fëschstierwen op e puer Kilometer an der Atert laanscht d'Belsch Grenz schwätzt d'Sportfëscherfederatioun.

D'Waasserwirtschaftsamt hat dofir d'lescht Woch och Waasser- a Buedemprouwen geholl.

D'Ökosektioun vun der Sportfëscherdeferatioun, der FLPS, schwätzt vun enger Dramatik, wa Baache mat limitéierten Debit vu Verknaschtunge betraff wieren, sou wéi et lo an der Atert de Fall gewiescht wier.

D'Federatioun fuerdert dann och, datt net nëmmen eng Enquête gemaach gëtt, mee och Konsequenze gezunn ginn, fir esou Waasserverknaschtungen ze verhënneren.

Gefrot gëtt och den Dedommagement vun de Fëscherei-Piechter, déi lo geschiedegt gi wieren.

Eng aner Revendicatioun vun de Sportfëscher ass et, datt d'Abrénge vu Piff am direkten Anzuchsgebitt vun der Atert verbuede gëtt, fir datt sech d'Grenzbaach nees ka biologesch erkréien.

D'Atert ass 38 Kilometer laang, entspréngt an der Belsch, mee leeft um gréissten Deel iwwer Lëtzebuerger Territoire, fir dann an d’Uelzecht ze lafen.

D’Verknaschte vun der Atert gëtt en Dënschdeg och an der Chamber thematiséiert. Den DP-Deputéierte Gusty Graas stellt dozou eng Fro an der "Question Time" am Cercle. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg äntwert dann och direkt a gëtt Detailer, wou d’Enquête vun der Ëmweltverwaltung an dem Waasserwirtschaftsamt dru sinn.