Den Deputéierte vun de Piraten hätt vu weidere Fäll a Strukturen héieren, wou Leit, déi net op der Lëscht stoungen, geimpft goufen.

Hei den integralen Interview mam Sven Clement (Piraten)

De Sven Clement mellt Persounen, déi sech beim Corona-Impfe virdrécken, beim Parquet. Den Deputéierte vun de Piraten huet en Dënschdeg am RTL-Moiesjournal ënnerstrach, et géif nach ëmmer Leit an esou Infrastrukture ginn, wéi Botz- oder Kichepersonal, déi nach net geimpft sinn. Déi missten awer op der Plaz sinn, am Géigesaz zu Membere vun engem Verwaltungsrot.

Et wier seng Flicht als Deputéierten, fir méiglech Infraktiounen ze denunzéieren. De Vaccin wier mat ëffentleche Gelder bezuelt ginn a misst dowéinst och no de Virgabe vun der Santé verdeelt a gesprëtzt ginn.

Den Deputéierte Clement hätt och vu weidere Fäll a Strukturen héieren, wou Leit, déi net op der Lëscht stoungen, geimpft goufen.

D'Excuse, datt Membere vun engem Verwaltungsrot missten an Heemer oder Spideeler present sinn, léisst de Sven Clement net gëllen. Dat wier de Geck mat de Leit gemaach. Well et kéint ee jo op Homeoffice zeréckgräifen.

Reaktiounen op d'Virdrécke vum Henri Grethen

"Ech ka just dat nämmlecht soen, wéi bei der Nouvelle vun den Impfungen am HRS um Niveau vum Verwaltungsrot, nämlech: Ech hätt et net esou gemaach!" esou reagéiert de Mars Di Bartolomeo op d'Nouvelle, datt de fréieren DP-Minister Henri Grethen fréizäiteg geimpft gouf. Och fir den DP-Deputéierte Gilles Baum widderhëlt dat, wat en am Fall vun den Hopitaux Robert Schuman sot: "De Reflex hätt misse sinn: Et ass nach net u mir, ech loosse mech net impfen. Dat wier de richtege Reflex gewiescht, well mer eng Reiefolleg hunn an en Impfplang." 

De Gilles Baum (DP)

 

D'Reegelen am Kader vun den Impfunge missten agehale ginn, betount den CSV-Deputéierte Claude Wiseler: "Et kënne sech net do deen een oder anere Privileeg ausgehandelt ginn. Dat zweet ass awer, datt ech net weess, wat an de Konventiounen steet, déi d'Ministesch mat den eenzelen Etablissementer ënnerschriwwe huet, dofir kann ech réischt en definitiivt Jugement maachen, wann ech dat gelies hunn. Mee fir mech ass kloer, d'gëtt eng Reiefolleg a jiddereen huet sech un déi ze halen."

De Claude Wiseler (CSV)

 

Zu der Annonce vum Sven Clement, fir Leit beim Parquet ze mellen, déi sech beim Impfe  virdrécken, seet de Claude Wiseler, hie wéilt och do kee Jugement maachen, ier en d'Konventioune gesinn huet. Dem Gilles Baum vun der DP no ass den Deputéierte vun de Piraten an deem Sënn richteg, datt wann him eng Infraktioun zougedroe gëtt, hien déi beim Parquet mellt: "D'Oppositioun ass hei an hirem Rôle, ech gesinn et awer bësse schwiereg, wa mir elo als Deputéiert ufänken, Polizist ze spillen."

De Gilles Baum (DP)