"Expressis Verbis" eng ASBL, déi "hannerfreet"

Déi fréier gréng Deputéiert a Geschäftsfra Christiane Wickler an eng 20 Affekoten, Proffen, an Ekonomisten hannerfroen d’Coronarestriktiounen.
Mat enger neier ASBL "Expressis Verbis" an engem Internetsite wëll d’ASBL eegenen Aussoen no "reng Informatiounen" ausdrécken.
D’ASBL hannerfreet haaptsächlech d’net-pharmazeutesch Mesuren ewéi d’Maskeflicht, de Large-Scale-Testing oder nach d’Ausgangsspär. Déi Mesurë wieren net berechtegt, well d’Infektiounswell ouni nennenswäert Mesuren ofklénge géing. D’Christiane Wickler seet: "mir hannerfroe just"
"Dat ass déi Fro, déi mir stellen, an och do ass et, wéi kucke mir elo an d'Zukunft? Wéi maache mir et? Wéi gi mir elo vir? Et ass am Fong geholl e bësse fir all Meenung, de Moment si jo awer ganz vill Meenungen, déi ënnerdréckt ginn, fir datt all Meenung däerf opkommen."
De Problem ass, et weess ee jo net, wéi d’Zuele sech entwéckelt hätten, wann et am Mäerz kee Lockdown gi wier.
"Absolutt a mir maachen Iech Journalisten och absolutt kee Reproche, mee mir soe just: All Hëllef de Moment ass wëllkomm, fir datt deen Niwwel, deen de Moment dobaussen ass, erëm e bëssen an d'Luucht geet an datt mir d'Sonn erëm gesi schéngen."
Mee, Christiane Wickler, schwächen esou Froen awer net d’Aarbecht vun den Autoritéiten?
"Nee, mir wëlle jo absolutt kee schwächen. Mir wëlle just d'Angscht huelen a soe kommt mir stellen erëm Froen a wa mir Froen stellen, déi perkutant sinn, an enger Demokratie ass dat erlaabt, an dat gëtt eis natierlech och eng gewësse Fräiheet erëm. Dat ka jo der Regierung nëmmen Hëllefen."
Wéi soll et dann "Expresis Verbis" no virugoen? Wat misst d‘Regierung maachen?
"Kënne mir och net soen, et ass jo och do, wou mir Zesummenhalt an der Gesellschaft sichen, fir datt mir een Debat kréien, fir datt all Meenung emol erëm däerf zirkuléieren ouni Angscht, well déi meescht Leit hu jo mëttlerweil och schonn oder net déi meescht, mä ganz vill Leit hunn Angscht, fir hir Meenung ze soen."
Iwwert d’Analys an Interpretatioun vun den Zuele wollt d’Christane Wickler net méi am Detail agoen. Dat huet een anere Member vun der ASBL gemaach, deen awer sech net wéilt ze vill exposéieren.