D'Hospices Civils entschëllege sech fir d'Impfung vum Henri Grethen
D'Hospices Civils maache wéinst der virzäiteger Vaccinatioun vun hirem President e Schrëtt, dee beim Spidolsgrupp Robert Schuman net gemaach gouf.
Wéi et an engem Schreiwes heescht, entschëllegt sech d'Direktioun wéinst der Impfung vum President Henri Grethen. Et hätt een ni wéilten engem Pensionnaire aus de Stater Altersheemer zu Hamm an am Pafendall d'Impfung virenthalen oder engem dat Recht net ginn.
Villméi wier ëmmer drop opgepasst ginn, fir all déi ufälleg eeler Leit an d'Personal virun der Infektioun ze schützen.
Vis à vis vun RTL hat den Ex-Minister Henri Grethen seng Impfung an der Fuesvakanz jo zouginn - eng Vaccinatioun, déi zu enger Denonciatioun vum Deputéierte Sven Clement bei der Procureur Général gefouert hat.