Ëmweltministesch Dieschbourg weist d'Reprochë vu Sportfëscher zeréck

© FLPS
De President vun der Federatioun vun de Sportfëscher hat ënner anerem dem Ëmweltministère e Mangel u Kommunikatioun virgeworf.
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg weist d'Reprochë vun der Federatioun vun de Sportfëscher zréck, et géif keng Sécherheetskultur fir de Schutz vu Gewässer ginn an de Ministère géif net kommunizéieren. No der rezenter Verschmotzung vun der Atert sot de President vun der Fëscherfederatioun Jos Scheuer e Méindeg de Moien hei op RTL, et wieren eleng d’lescht Joer 90 esou Accidenter gewiescht an et géif net genuch geschéien.
D’Kommunikatioun mat de politesch Responsabelen, wéi dem Ëmweltministère wier carrement inexistent, huet de Jos Scheuer e Méindeg de Moie bedauert.
"Mir kréie kaum eng Äntwert op iergendeppes, dat mer eraschécken an de Ministère a mir mellen eis jo awer relativ oft zu Wuert a mir hunn och eng Ökosektioun gegrënnt, just, fir datt mer de Fanger kënnen op d'Wonne leeën."
Et wéilt een informéiert ginn, wat Konsequenze si vun esou engem Accident. Donieft misst d’Kontroll-Cellule am Ministère op alle Fall verstäerkt ginn. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg seet hirersäits, d'Kontrollunitéit wier souwuel wann eppes geschitt, wéi och prophylaktesch vill um Terrain.
"Ganz kloer, d'Kontrollunitéiten, déi mussen iwwert d'Zäit verstäerkt ginn, dat hu mer och déi ganzen Zäit gesot an déi Sécherheetskultur, déi an de Betriber och muss bestoen, wann ee vu Zones d'activités schwätzt, dat ass ganz kloer, dat ass eng Sensibiliséierung, déi ugefaange ginn ass, mä wou mer natierlech musse weider dru schaffen."
Wat d'Kommunikatioun ugeet, wier de Ministère reegelméisseg iwwert Reunioune vum Conseil superieur de la pèche disponibel a géing och d'Ëffentlechkeet iwwer Suitten no Tëschefäll informéieren.
"Wann een natierlech wëll doriwwer eraus en Austausch hunn, da sti meng Dieren natierlech op, mä et muss ee sech natierlech och manifestéieren, dat ass déi aner Saach. Mä ganz kloer, wann ee wëll méi Informatiounen hunn, an ech begréissen, datt d'Fëscher eng Ökosektioun elo gegrënnt hunn, nodeems mer och jorelaang gesot hunn, dass et ganz wichteg ass, dass op d'Gewässer oppasst. A wann déi Ökosektioun nach méi wëll mat eis zesummeschaffen, da si mir méi wéi frou an eis Diere stinn op."
Hannergrond vun der Diskussioun ass en Accident an enger Biogas-Anlag zu Grendel, an der Belsch, viru knapps 2 Wochen. Dobäi ass eng gréisser Quantitéit Ofwaasser op der Héicht vun Uewerkolpech an d'Atert geroden, déi dunn op enger Längt vun méi Kilometere verknascht gouf an zu engem Fëschstiërwen gefouert huet.