D'Europaschoul Anne Beffort mécht fir d'Rentrée d'nächst Joer hir Dieren zu Miersch op.

Hei sollen an enger éischter Ronn Lycéesklassen ënnerriicht ginn. Spéider solle Schüler aus dem ganze Fondamental a Secondaire am Zentrum zu Miersch empfaange ginn. Et gëtt eng Schoul mat Aktivitéiten an Atelieren, eng Schoul fir jiddereen:

"Et ass eng Schoul, déi sech un déi ganz Populatioun riicht an ech sinn frou, dass d'Elteren e Choix hunn hei zu Lëtzebuerg tëschent ënnerschiddleche Schoulen. All Kand ass anescht, all Kand huet aner Talenter, aner Stäerkten, aner Ambitiounen och. Dofir brauche mir déi ënnerschiddlech Schoule fir déi ënnerschiddlech Kanner", sot den Educatiounsminister.

Bis ewell sinn 2.450 Schüler uechter d'Land an engem europäesche Programm ageschriwwen. Et gi 4 Europaschoulen zu Déifferdeng/Esch, Munneref, Jonglënster a Klierf. Déi zu Miersch ass déi 5., déi innerhalb vu 5 Joer hir Dieren opmécht.

„Ech mengen net, datt déi Schoul hei besser ass ewéi aner Schoulen oder déi traditionell Lëtzebuerger Schoul. Mee se ass besser fir eng ganz Rei u Schüler an dofir musse mer en Aen drop werfen, datt mer déi richteg Schüler bei déi richteg Offer kréien", sou de Claude Meisch.

Fir der Demande, déi konstant klëmmt, nozekommen, hätt sech de Regierungsrot dofir entscheet, den Zentrum vum Land mat enger weiderer Schoul ze verstäerken. Am September geet et mat 5 Klassen an 3 Sproochesektioune lass. Dat op Franséisch, Däitsch an Englesch. Heescht, all Fach gëtt an der erausgesichter Sprooch ënnerriicht. D'Lëtzebuerger Sprooch soll awer net vernoléissegt ginn.

Mir hunn eis esou multikulturell entwéckelt, datt mer iergendwou e gemeinsame Vecteur brauchen an dat soll och d'Lëtzebuerger Sprooch sinn. Hei hu mer an den europäesche Klassen d'Méisproochegkeet, déi staark thematiséiert gëtt. Et ass awer esou, datt bis spéit an de Lycée era Lëtzebuergesch obligatoresch ass. Dat vill méi ewéi an anere Schoulen, fir datt ee systematesch Lëtzebuergesch léiert ze verstoen, ze schwätzen, ze liesen an och ze schreiwen. Fir wierklech och sproochlech prett ze sinn, fir sech an d'Lëtzebuerger Gesellschaft z'integréieren“, huet de Minister Meisch ënnerstrach.

Preparéiert gëtt awer op en europäesche Bac. Och d'Struktur vum Unterrecht ass e bëssen eng aner. Hei gëtt virun allem keen Ënnerscheed tëscht Technique a Classique méi gemaach. Och méi praktesch orientéiert Coursen an Ateliere sinn envisagéiert.

5. Europaschoul fir Lëtzebuerg / Tim Morizet

Et ass eng Schoul, wou virun allem déi sozial Kompetenze gestäerkt solle ginn, erkläert d'Julie Suzanne Bausch, d'Responsabel fir d'Mise en Place vun der Europaschoul zu Miersch: „Doduerch, datt déi Schüler ëmmer nees intern gemëscht ginn an hire Sproochecoursen, jiddereen huet eng 2., eng 3. oder eng 4. Sprooch an hirem Programm, et ass also net déi rigid, traditionell Klass."

Och ausserhalb vun de Klasse soll op lokalem Niveau zu Miersch an an der Ëmgéigend gemëscht ginn, fir eng Inclusioun, och mat Schüler mat engem auslänneschen Hannergrond, ze garantéieren: „Datt mer do mat eise Partner Schoulen zu Jonglënster, zu Dikrech, Réiden oder Nordstad Projeten zesumme maachen."

A Propos Integratioun: Fir dass déi zukünfteg Schüler vun der internationaler Schoul sech gutt kënnen integréieren, gëtt dorop opgepasst, dass si sou vill wéi méiglech Kontakt zu Kanner a Jugendlecher aus anere Schoulen hunn: Julie-Suzanne Bausch: "Well mir do wierklech an déi Richtung ginn, dass déi Kanner a Miersch zesummen iessen, dass se zesumme Pausen hunn, dass se zesummen Activités Maisons relais SEA hunn. Mir hale wierklech dorobber, dass d'Schüler sech maximal kräizen, sech begéinen."

D'Schüler kënnen iwwert de ganzen Dag an den internationale Schoulen encadréiert ginn. Och en Internat soll d'Schüler vun 2022 un iwwert d'Woch hebergéiere kënnen.

Bis zu 1.200 nei Schüler kënne laangfristeg zu Miersch léieren. Am September dëst Joer geet et da mat fënnef 7ième-Klasse lass.