
Nieft dem Ofholzen ass am leschte Joerzéngt e weidere Problem dobäi komm an zwar de Klimawandel.
An de leschte Wochen huet d’Aarbecht fir vill Fierschteren um Terrain nees richteg ugefaangen. De Schnéi ass fort, de Schued vu Schnéibréch, Stierm, ma virun allem dem Borkenkäfer suergt dofir, datt d’Reforestatioun quasi iwwerall an de Lëtzebuerger Bëscher néideg gëtt.
Virun allem d’Buchen a Fiichte si betraff, erkläert de Frank Wolter, Direkter vun der Naturverwaltung, der ANF.
„Wat eis am Meeschte beonrouegt, ass, datt den Ament ongeféier 10% vun de Buchen an engem Stadium sinn, wou se op ganz schwierege Standuerter ofstierwen. An da bei der Fiicht natierlech de Borkenkäfer, wat ee jo den Ament och kann als Pandemie bezeechnen. Déi Multiplikatioun vun deem Keefer mécht ganz vill Bestänn futti.“
An dat uechter dat ganzt d’Land. Rezent gouf ënner anerem zu Déifferdeng eng Parzell vun iwwert engem Hektar an enger Natura-2000-Zon ofgeholzt, fir d’Verbreedung vum Keefer anzedämmen. Am Grand-Duché verdeelt wieren eng geschaten 100 Hektar den Ament dobäi, zerstéiert ze ginn. Dat huet och ekonomesch Konsequenzen.
„D’Holz kann elo nach vun der Industrie benotzt ginn. Dat ass ganz positiv, mä trotzdeem ass de Marché komplett zesummegebrach, sou datt d’Proprietären u sech quasi näischt méi fir dat Holz kréien.“
Vu politescher Säit ass et hei den Opruff, ewech vun de Monokulturen ze kommen, wéi d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg erkläert.
„Dofir ass et immens wichteg, datt mer do, wou mer u Bësch verluer hunn, datt do e Mëschbësch hikënnt. A mer do op resistent Bamzorte setzen. Hei wëlle mer de Gemengen, ewéi och Privatleit, mat Rot a finanziellen Hëllefen zur Säit stoen.“
Sou huet d’Naturverwaltung an de leschte Jore vill investéiert, fir jonk Beem ze planzen, fir d’Konversioun vun de Monokulturen a gemëschte Lafholzbëscher ze garantéieren. Do gëtt an enger éischter Etapp awer emol vill Zonk am Bësch opgeriicht, seet de Frank Wolter.
„De Fait ass awer, datt de Wëlddrock an eise Bëscher ganz grouss ass an dofir musse mer déi Planze schützen, soss gi se gefriess. D’Wëld, esou wéi mir och, geet als éischt emol déi rare Saache sichen an deen Ament sinn déi Planzen direkt verbass.“
Et wier een och amgaangen, un engem „Klimabonus Bësch“ ze schaffen. De Projet wier ënnerwee, esou d’Ministesch. Hei solle „klimafit“ Bëscher an hir Besëtzer finanziell kompenséiert ginn. Eng Mesure, déi 2019 schonn annoncéiert gouf.