
En Donneschdeg den Owend ass zu Nidderfeelen e Mann gemellt ginn, dee sech trotz Hausverbuet an engem Lokal opgehalen huet, do d’Clienten aggresséiert huet an d’Lokal net verloosse wollt. Wéi d’Police op d’Plaz koum, war den onerwënschte Gaascht net kooperativ an huet ënnert anerem den Déngschtwon beschiedegt. No enger Kontroll beim Dokter ass de Mann mat op de Büro geholl ginn, fir eng Nuecht am Arrest ze verbréngen. De Parquet ass iwwert de Virfall informéiert ginn an huet d’Festnam vun der Persoun ordonnéiert, grad esou wéi e Protokoll wéinst Rebellioun. E Freideg de Moien hat de Mann Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
An der Nuecht op e Freideg huet d’Police tëscht Bauschelt an Ueschdref en Auto kontrolléiert. Well et no Cannabis geroch huet, goufen d’Gefier an déi zwee Passagéier kontrolléiert. Eng Persoun hat Drogen dobäi, am Auto konnte weider illegal Substanzen a Boergeld fonnt ginn. Op Uerder vum Parquet si béid Persoune festgeholl ginn an e Freideg dem Untersuchungsriichter virgeféiert ginn. Well bei Engem den Drogentest positiv ausgefall war, ass och nach e Protokoll wéinst Fueren ënner Afloss vun Drogë geschriwwen an den Auto saiséiert ginn.