
An engem gemeinsame Communiqué hu Luxair a lux-Airport hir erfollegräich Tester zur Preparatioun vu Vollen um fréie Moie matgedeelt. Tëscht dem 18. an dem 20. Dezember 2025 sinn dës Tester duerchgeféiert ginn. Zil vun där gemeinsamer Initiativ wier et gewiescht, d’Pénktlechkeet vun de fréie Vollen ze verbesseren an de Passagéier hiert Erliefnis z’optiméieren duerch Prozesser, déi scho virun den éischte Volle méi effizient ageriicht gi sinn.
De Fluchhafe Lëtzebuerg steet virun enger besonnescher operativer Erausfuerderung. De gréissten Deel vun de Luxair-Fligere bleift iwwer Nuecht um Findel stationéiert, wouduerch moies fréi vill Volle kuerz noenee fort ginn. Well de Betrib eréischt um 6 Auer dierf opgeholl ginn, sinn déi éischt 90 Minutte vum Dag entscheedend fir d’Anhale vum deegleche Fluchplang vun der Luxair.
Wärend dräi Deeg ass bei den Tester moies fréi op eng Rëtsch operativ Aspekter opgepasst ginn:
Déi Responsabel freeë sech iwwer d’Resultater
D’Resultater sinn eendeiteg positiv ausgefall. Béid Entreprisen hu moossbar Verbesserunge festgestallt, ënnert anerem bei der Pénktlechkeet, beim Verdeelen a beim Offäerdege vun de Passagéier. D’Clienten hätten dozou och positive Feedback ginn an d’Verännerunge begréisst. De CEO vu Luxair Gilles Feith an de lux-Airport-CEO Alexander Flassak hunn de Wäert vun dëser Zesummenaarbecht ënnerstrach, déi confirméiert, dass Teamaarbecht a proaktiivt Plangen entscheedend si fir den Oflaf vun de Prozesser. Et wéilt een sech elo zesumme mat alle Partner dofir asetzen, dass dës Verbesserungen an den deegleche Betrib kënnen iwwerholl ginn.
Dës weider Tester si geplangt:
E weidere gemeinsamen Test ass fir d’Ouschtervakanz virgesinn, fir doropshin de Fluchplang fir de Summer z’adaptéieren an ze verbesseren. Luxair a lux-Airport soen alle Passagéier Merci fir hiert Verständnis an hir Kooperatioun wärend dëser Initiativ.
Liest hei de gemeinsame Communiqué: