Europäesch Kooperatioun "Hazeldonk"Am Centre logistique zu Beetebuerg si 715 Colise kontrolléiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Fir géint den internationalen Drogenhandel virzegoen, hunn d'Beneluxlänner a Frankräich zu Beetebuerg eng gemeinsam Kontroll duerchgeféiert. 17 Päck si méi genee ënnert d'Lupp geholl ginn.
Vill Päck a Colise si kontrolléiert ginn
Vill Päck a Colise si kontrolléiert ginn
© HANS KLAUS TECHT/APA-PictureDesk via AFP

Am Kader vun der “Hazeldonk"-Kooperatioun, an där d’Beneluxlänner a Frankräich sech zesummendinn, fir géint den internationalen Drogenhandel virzegoen, hunn déi verschidde Servicer vun der Police, zesumme mat der Douane, en Donneschde Moien tëscht 5.30 Auer an 12 Auer am Centre Logistique zu Beetebuerg eng Kontroll duerchgefouert.

Cibléiert ware Camionen, déi aus Holland a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee waren. 715 Colisen sinn dobäi gescannt ginn, 17 dovu sinn enger nach méi geneeër Kontroll ënnerzu ginn. Donieft si ronn 3.000 Päck, déi aus Holland an aus der Belsch komm waren, vu Policehënn ënnersicht ginn. Ob illegal Substanze fonnt goufen, ass net preziséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO