Claude Meisch reagéiert op Reprochë vum Fred KeupEt sollt ee sech net wéi Kanner behuelen a sech géigesäiteg Lige virgeheien

Céline Eischen
An der Diskussioun ronderëm d'Unisex-Toilette geet den Hin an Hier virun.
© Christophe Hochard

Am Sujet vun den Unisex-Toiletten hätt den Educatiounsminister Claude Meisch bei eis op der Antenn net d’Wouerecht gesot, dat ass emol de Reproche vum ADR-Fraktiounschef Fred Keup. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

De Claude Meisch huet um RTL-Mikro op dëse Reproche reagéiert: Et sollt ee sech elo net wéi Kanner behuelen a sech géigesäiteg Lige virgeheien. Villes wat an der Kommissioun erkläert gi wier, hätt de Claude Meisch am Wording vum Fred Keup vermësst: Dorënner, datt et sech hei nach ëm een adaptabele Pilotprojet fir d’Joer 2032 gehandelt hätt, an datt virgesi wier, datt d’Schoulcommunautéit driwwer decidéiert, wéi eng Toiletten et am Gebai ginn.

De Claude Meisch: “Net wéi d’Kanner behuelen”

An awer hätt een och am Educatiounsministère op déi gesellschaftlech Debatt reagéiert: De Pilotprojet gouf elo esou ëmgeännert, datt separat Jongen-a Meedercherstoilette weiderhi sollen erhale bleiwen, an dann Unisex-Toiletten zousätzlech do kéinten dobäi kommen. Hei géif sech de Wording effektiv zu deem ännere, wat nach an der Chamberskommissioun virgestallt gi war: An där Versioun hätt nach d’Méiglechkeet bestanen, datt et just nach Unisex-Toiletten an engem Lycée hätt kéinte ginn, wann de Lycée dat dann esou fir sech decidéiert hätt.

Claude Meisch: Mir lauschteren op d’Leit, dofir hiet de Wording geännert

Back to Top
CIM LOGO