De 17. Februar ass am Altersheem zu Nidderkuer en éischte Fall gemellt ginn. 2 Deeg drop si weider Residentë positiv getest ginn.

Ugangs Mäerz war du vun engem gréissere Corona-Cluster Rieds. 63 Residenten hu sech infizéiert, 5 Leit hätten d'Infektioun bis dohin net iwwerlieft.

An enger Motioun vun der CSV an der Chamber, annoncéiert den CSV-Politiker Michel Wolter en Donneschdeg, datt tëscht dem 5. an 11. Mäerz 9 weider Persounen un oder mam Virus verstuerwe wären. Déi Woch drop, tëscht dem 11. a 15. Mäerz, wiere weider 5 Persounen am Heem gestuerwen. Am Ganze sinn deemno 19 Persoune am Zäitraum vum Cluster am Cipa gestuerwen, dat bestätegt och Servior.

Extrait Michel Wolter (1)

14 Leit fir eng Situatioun, déi soi-disant ënner Kontroll ass a wou weder eng Info no baussen, nach un d'Gemeng, nach un d'Familljen, wëll ech betounen, gaangen ass.“ kritiséiert de Michel Wolter

E Méindeg gouf dat ganzt Haus fir d'Lescht getest. Just eng Persoun ass den Ament weider positiv. Wat mat sech bréngt, datt en Donneschdeg, wéi geplangt, déi grouss Majoritéit vun de Residentë fir d'Zweet géint de Covid-19 geimpft konnt ginn. Eng Dose Bewunner wäerte sech aus medezinesche Grënn misse bis den 31. Mäerz gedëllegen. Vun dann u soll sech d'Liewen am "Um Lauterbann" och nees normaliséieren.

Extrait Michel Wolter (2)

Et wier aktuell en Test gemaach ginn, et wier just nach 1 positiv. De 17. Februar war och just eng Persoun, wann dat richteg ass, wat deemools kommunizéiert gouf, positiv.“ präziséiert de Michel Wolter.

De Michel Wolter fuerdert elo dréngend Opklärung an der Causa Altersheem zu Nidderkuer. Déi kommunizéiert Informatioune vum betraffenen Haus wieren esou limitéiert, datt ee sech géif vill Froe stellen, esou den CSV-Politiker.

Iwwerdeems ass et d'Opfuerderung vun der CSV un d'Santé, fir eng onofhängeg Etüd ze maachen iwwert dat, wat an de leschte Wochen an der Institutioun geschitt ass.