Gréisst vu Klasse soll vu maximal 29 op 24 reduzéiert ginn
© RTL Archiv
Dat fuerderen d'Gewerkschaften an engem oppene Bréif un de Minister Claude Meisch.
D'Klasseneffectiffen erofsetzen, d'Sproochen-Educatioun iwwerdenken, souwéi och d'Orientatiounsprozedur op 5ième général, dat fuerderen d'Gewerkschaften OGBL-SEW, Apess an Acen an engem oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch. Et géing net nëmmen de Covid ginn, och wann een natierlech verstoe géing, datt d'Krisegestioun dem Ministère vill ofverlaangt.
D'Gewerkschafte proposéieren ënnert anerem, d'Gréisst vun de Klasse vu maximum 29 an enger éischter Phas op 24 Schüler pro Klass ze reduzéieren an dann op 20.
Iwwerdeems sollten d'Fotokopien am Lycée gratis ginn.
D'Syndikater sinn och der Meenung, datt an enger permanenter Struktur tëschent Enseignanten, Schüler an Eltere reegelméisseg iwwert d'Zukunft vun der ëffentlecher Schoul soll diskutéiert ginn.