En Dënschdeg den Owend koum et géint 19.35 Auer zu engem méi uergen Accident zu Obeler.

An der Route de Leudelange waren zwee Autoen an eng Kollisioun verwéckelt. Ee vun de Chauffere gouf dobäi liewensgeféierlech blesséiert. Op Uerder vum Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht d'Enquête iwwerholl. D'Streck hat fir d'Rettungsaarbechte misse fir eng Zäit gespaart ginn.

CGDIS mellt eng Rei Asätz

Am Lokale mellt de CGDIS e Kichebrand en Dënschdeg den Owend kuerz no 21 Auer zu Käerjeng. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. D'Käerjenger Pompjeeë goufe vun hire Kolleege vu Péiteng, Suessem-Déifferdeng an Esch ënnerstëtzt.

Da gouf et eng Partie Blesséierter op eise Stroossen. En Dënschdeg den Owend krute sech géint 19.30 Auer tëscht Obeler a Leideleng zwee Autoen ze paken. Et gouf zwee Blesséierter, ëm déi sech d’Secouristen aus der ganzer Géigend an och de Samu aus der Stad gekëmmert hunn.

Zu Nidderaanwen ass da géint 19 Auer schonn en Auto accidentéiert. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. A kuerz virun 18 Auer ass um Kierchbierg e Foussgänger ugestouss a verwonnt ginn.