Zuch an e Camion gerannt, Streck bis viraussiichtlech den 18. Abrëll gespaart

© CGDIS / Facebook
En Donneschdeg kuerz no 14 Auer koum et bei enger Barrière zu Kautebaach zu engem Accident.
E Camion huet hei d'Schinne blockéiert an den Zuch krut net méi gebremst, fir en Accident ze evitéieren. D'Maschinn vun den CFL ass deemno an de Camion gerannt an huet dësen, wéi och d'Infrastrukture ronderëm, beschiedegt.
Wéi et awer vun der Police heescht, wieren hiren éischten Informatiounen no keng Persoune blesséiert ginn. Dat och, well den Zuch relativ lues ënnerwee war. De Lokféierer hat eng Noutbremsung ageleet, den Impakt mam Camion konnt awer net méi verhënnert ginn.
Wéi et zum Virfall komme konnt, ass nach net kloer. Weider heescht et vun der Police, datt een net wéist, wisou de Camion op de Schinne stoung. De Materialschued, dee beim Accident entstanen ass, ass grouss.
D'Linn 10 tëscht Wolz an der Kautebaach ass aktuell a béid Richtunge blockéiert. E Samschdeg soll mat de Reparatiounsaarbechten ugefaange ginn, déi bis viraussiichtlech den 18. Abrëll daueren.
D'CFL hu matgedeelt, datt een Ersatzbusser géif asetzen.
Communiqué vun den CFL
Suite à l’incident qui a eu lieu cet après-midi au passage à niveau de Kautenbach, la circulation de trains sur le tronçon Kautenbach - Wiltz (et vice-versa) de la ligne 10 ne pourra pas reprendre dû aux dégâts conséquents constatés sur l’infrastructure. Les travaux de réparation seront effectués durant la phase II des travaux des CFL de 2021 qui débuteront le samedi 3 avril 2021 et se termineront le 18 avril 2021. Aucun train ne circulera donc entre Wiltz et Kautenbach dans les deux sens jusqu'au 18 avril 2021.Un service de bus de substitution est mis en place pendant toute la durée des travaux. Conscients des désagréments causés, les CFL invitent les voyageurs à consulter le site www.cfl.lu, ainsi que l’application CFL mobile pour de plus amples informations quant aux horaires et alternatives de circulation.