An der Nuecht op e Sonndeg gouf et an der aler Dikrecher Brauerei e Groussbrand. Et konnt verhënnert ginn, dass d'Feier op aner Gebaier iwwergräift.

Wéi d'Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, hat sech d'Feier schonn op alle Stäck an enger 900m2 grousser Hal ausgebreet. De Brand war géint 00.30 Auer an der fréierer Zockerfabrick, do wou d'Zapschoul war ausgebrach.

D'Flame waren e puer Meter héich an et war d'Gefor do, dass d'Feier och op d'Gebaier niewendrun iwwerschléit.

Wéi am Communiqué vum CGDIS ze liesen ass, waren eng 60 Pompjeeën aus 5 Asazzentere fir d'Läschaarbechten op der Plaz, donieft war och eng Drone am Asaz, fir sech vun uewen e bessert Bild vun der Situatioun kënnen ze maachen. Op Twitter ass esouguer Rieds vun 100 Pompjeeën.

Um 2.30 Auer an der Nuecht war de Groussbrand dann ënner Kontroll. D'Läschaarbechte si bis an déi fréi Moiesstonnen um Sonndeg virugaangen.

Et ass keng Persoun blesséiert ginn an och déi Nei Brauerei op deem Site ass net vum Feier getraff ginn. E grousse Merci un de CGDIS koum an deem Sënn vum Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen. Et hätt een an de leschte Méint ëmmer nees Schwieregkeete gehat, dass Leit op de Site vun der aler Zockerfabrick eragaange sinn. Ufank des Joers wier de Site dunn esou ofgeséchert ginn, dass kee méi an d'Gebai ka kommen, wat och vu Sécherheetsentreprise kontrolléiert gi wier.

E Sonndeg am Nomëtteg hunn d'Pompjeeën nach emol missen intervenéieren, well d'Feier nees ausgebrach war. De Brand war séier ënner Kontroll.

D'Gebai war klasséiert an hätt sollte gehale ginn. Et war geplangt, dass Lotissementer um Site solle gebaut ginn. Am Anniversaire vun 150 Joer Dikrecher Brauerei, wier de Verloscht vun der Zockerfabrick natierlech och en emotionale Verloscht fir d'Dikrecher Leit.

Groussbrand zu Dikrech: Interview mam Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen

Zeienopruff vun der Police

D'Brandursaach ass den Ament nach net gewosst, esou wéi de materielle Schued nach net kann ofgeschat ginn. Ma den historesche Verloscht ass natierlech grouss.

Well Brandstëftung net kann ausgeschloss ginn, huet d'Police eng Enquête an d'Weeër geleet. D'Police sicht dann och nach no Zéien, déi eventuell virum Brand eppes Verdächteges gesinn hunn, sief et Persounen oder Gefierer, déi an der Géigend vun der aler Brauerei opgefall sinn. All d'Informatioune si fir d'Police vun Dikrech, um Telefon +352 244801000 oder vie E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu.

Groussbrand zu Dikrech (18/04/2021)
Impressioun vun RTL Mobile Reporter
Groussbrand zu Dikrech (18/04/2021)
Déi al Brauerei gouf d'Affer vun de Flamen.