Eng Enquête an eng procédure disciplinaire viséieren ee pensionéierte Beamte vun der Steierverwaltung.

Wéi d'Online-Plattform Reporter e Mëttwoch schreift gëtt e Préposé adjoint vum Steierbureau Esch-3 verdächtegt, engem Steierzueler entgéintkomm ze sinn. De Préposé adjoint hätt e bénéfice de cession vun engem Geschäftsmann bei der Berechnung vun de Steieren op der Säit gelooss, iwwerdeems de Préposé fir see selwechte Geschäftsmann d’Comptabilitéit gemaach hätt an dofir bezuelt gi wier.

De Manöver géing op 2018 zeréckgoen, sou Reporter. Also hätt e Steierbeamten “Extrae” gemaach, obwuel de fréieren Direkter Guy Heintz schonn 2006 géint Niewen-Aktivitéite vu Steierbeamten virgaangen ass an d’aktuell Direktesch Pascale Toussing betount, datt e Steierbeamten net emol fir e Familljemember däerf eng Steiererklärung maachen.

Wéi bei all Affaire en cours, gëllt awer d’présomption d’innocence.