
Wéi d’Police schreift, ass d’Léa Sand 15 Joer al an tëscht 1.80 an 1.90 Meter grouss, vu kräfteger Statur an huet schwaarz schëllerlaang Hoer. Fir d’lescht hat hatt eng schwaarz Jackett mat Kaputz un, wäiss Nike-Schong an eng schwaarz Box.
Fir d’lescht gouf dat vermësst Meedchen de 15. Mäerz géint 12 Auer gesinn.
All Hiweiser zum Openthalt vum vermësste Léa Sand si fir d’Police vun Ëlwen ënnert der Nummer 244 87 1000 oder per Mail op police.troisvierges@police.etat.lu.