No Groussbrand a Brauerei zu DikrechEt ginn Indicen op Brandstëftung, esou de Parquet

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg gouf et an der aler Dikrecher Brauerei jo e Groussbrand. Elo ginn et éischt Informatiounen vum Parquet vun Dikrech.
© Domingos Oliveira / RTL

Éischt Indicë vun der Enquête préliminaire deiten drop hin, dass d’Feier an der fréierer Brasserie zu Dikrech geluecht gouf. Dat deelt de Parquet vun Dikrech e Freideg mat.

Am Kader vun dëser Enquête konnte bis ewell keng Indice fonnt ginn, fir en Accident technescher Natur.
Elo soll eng pyrotechnesch Expertise vun der concernéierter Plaz gemaach ginn.

E Sonndeg den 18. Abrëll stoung dat historescht Gebai zu Dikrech a Flamen.

Zeienopruff vun der Police

D’Brandursaach ass den Ament nach net gewosst, esou wéi de materielle Schued nach net kann ofgeschat ginn. Ma den historesche Verloscht ass natierlech grouss.

Well Brandstëftung net kann ausgeschloss ginn, huet d’Police eng Enquête an d’Weeër geleet. D’Police sicht dann och nach no Zéien, déi eventuell virum Brand eppes Verdächteges gesinn hunn, sief et Persounen oder Gefierer, déi an der Géigend vun der aler Brauerei opgefall sinn. All d’Informatioune si fir d’Police vun Dikrech, um Telefon +352 244801000 oder vie E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu.

Groussbrand zu Dikrech (18/04/2021)
Impressioun vun RTL Mobile Reporter
Groussbrand zu Dikrech (18/04/2021)
Déi al Brauerei gouf d’Affer vun de Flamen.

Back to Top
CIM LOGO