Claude Wiseler mat grousser Zoustëmmung neie Parteipresident
De Claude Wiseler gëtt mat grousser Zoustëmmung den neie CSV-President. Hie krut 84,6 Prozent vun de Stëmmen.
Mat grousser Zoustëmmung gëtt de Claude Wiseler neien CSV-President. Hie krut e Samschdeg de Moien um digitale Kongress zu Jonglënster 84,6 Prozent vun de Stëmmen. Eng Géigekandidatur gouf et jo net. Vu 475 delegéierte Memberen hunn der 400 dem Deputéierten hiert Vertraue geschenkt. Och d'Fraen a Männer mat deenen de Claude Wiseler als Ekipp ugetruede war, goufe gewielt. De Christophe Hansen zum Beispill kann de Poste vum Generalsekretär iwwerhuelen. Vun e Méindeg u wëll den neie Parteipresident mat senge Leit urappen, well d'CSV steet net do, wou se sech gesäit.
Déi nei Parteispëtzt ass sech eens. Wärend der Presidence vum Frank Engel hätte verschidde CSV-Politikerinnen a Politiker ënnerschiddlech Messagen no bausse ginn.
''Dat hate mir déi lescht zwee Joer. Dat war extrem onglécklech fir eis Partei an et huet hir och geschuet.'' Seet den neie Generalsekretär Christophe Hansen, dee knapps 90 Prozent vun den Delegéierten hannert sech stoen huet. D'CSV soll an Zukunft nees aus engem Rouer schwätzen. Dofir war d'Iddi scho virum Kongress, als Ekipp ze kandidéieren, huet de Claude Wiseler betount, dee selwer betount huet, no enger Covid-Infektioun, nach e bëssen ugeschloen ze sinn.
''Mir sinn en Team. Mir wëllen dat zesumme maachen. Mir wëssen, dass mir an der nächster Zäit vill Aarbecht hunn.''
Nieft dem Claude Wiseler als President an dem Christophe Hansen als Generalsekretär, iwwerhuelen d'Suessemer Schäffin Anne Logelin an den Deputéierte Paul Galles d'Vice-Presidence vun der Partei. Da ginn et nach zwee Posten, déi sou an den Statutte vun der Partei nach net virgesi sinn, Claude Wiseler.
''Och wann d'Elisabeth Margue an d'Stéphanie Weydert nach net zur Wal stinn, gehéiere si awer a mengen Ae vun elo un schonn zu der Ekipp.''
Op engem extraordinäre Kongress spéitstens fir d'Rentrée am Hierscht soll dann iwwer eng Ännerung vun de Statutten ofgestëmmt ginn. Och en Vue vum intensive Waljoer 2023. Do wéilt d'Partei kreativ ginn, wat d'Lëschten ugeet, a sech net nees fréizäiteg, verschiddener soen och ze fréi, festleeën.
''Mir hunn decidéiert, dass mir onnéideg Diskussiounen iwwer de Spëtzekandidat wëllen elo absolutt vermeiden. Dat kucke mir 6 Méint virun de Walen.''
Hie selwer huet op en neits betount, keng Ambitioune fir d'Spëtzekandidatur ze hunn. D'CSV wëll sech elo manner mat sech selwer beschäftegen, a méi mat de Leit. De Generalsekretär Christophe Hansen huet annoncéiert, d'Meenung vun de Memberen un der Basis méi konsequent ze froen, den Entscheedungsprozess méi integrativ ze maachen.
''Dass mir zum Beispill Nationalcomitéen zesumme mat der Fraktioun maachen, wou mir dann iwwer déi wichteg Froen diskutéieren, déi dann déi Woch drop an der Chamber ofgestëmmt ginn. Do wëlle mir eis Basis-Organisatiounen dobäi hunn. Si sollen eisen Deputéierten dann e ganz kloert Mandat ginn, a wéi eng Richtung et soll goen.''
An themateschen Aarbechtsgruppe sollen d'Positioune vun der CSV verdéift ginn. D'Prioritéite sinn um Kongress e puermol widderholl ginn: D'Landesplanung, d'Iwwergangszäit gestalten, bis d'Klimaneutralitéit gepackt ass an d'Präisshaussen um Wunnengsmaart stoppen. An do huet den Gilles Roth, dee sech am Esprit vun den Duebelspëtzten an der CSV, d'Presidence an der Fraktioun neierdéngs mat der Martine Hansen deelt, géint d'Regierung ausgeholl. Zanter 2013, wou Blo-Rout-Gréng an d'Regierung koum, sinn d'Präisser um Wunnengsmaart ëm 57 Prozent eropgaangen. Trotz all de Verpriechen wier näischt besser ginn, kritiséiert de Gilles Roth d'Politik vun der Regierung.
Obwuel d'CSV selwer eng schwéier Zäit duerchmécht, mengt den President Claude Wiseler, eng Opportunitéit ze gesinn.
''Et spiert een elo, dass et an der Regierung schonn tëscht Rout, Blo a Gréng ufänkt ze bréckelen, well et alles net méi esou einfach ass. Dann ass et eng Zäit fir d'Oppositioun, fir do ze sinn. Fir de Leit dobaussen z'erklären, firwat eng Regierung mat der CSV besser wär ewéi eng Regierung ouni d'CSV.''
D'Ekipp ronderëm de Claude Wiseler huet nëmmen zwee Joer Zäit, d'Partei fit ze maache fir d'Nationalwalen. Dofir huet de President annoncéiert: nom Weekend scho gëtt mat der Aarbecht ugefaangen.
Nei Posten an de véier Bezierker
De Claude Wiseler ass also den nationale President vun der Vollekspartei. Ma och an de véier Bezierker gouf eng nei Spëtzt gewielt.
Fir all Poste gouf et all Kéiers och just eng Kandidatur. Déi véier Männer goufe vun den delegéierte Memberen an hire Bezierker och confirméiert. De Max Hengel gëtt deemno Bezierkspresident am Osten, den Jeff Boonen am Norden, de Jean-Marie Wirth am Süden an de Vincent Reding am Bezierk Zentrum.
Externen Audit iwwert d'Finanzen
Dann hat d'CSV am Kader vun der Affär ronderëm d'Associatioun CSV-Frëndeskrees an de Frank Engel en externen Audit vun hire Finanze maache gelooss. Dee gouf vun der Firma ''Bakertilly'' gemaach. D'Finanze vun der Partei wäre soss ëmmer mat Rigueur gefouert ginn, huet den André Martins aus dem CSV-Nationalcomité betount. Déi lescht zwee Joer wär dat net méi sou de Fall gewiescht. D'Prozedure missten an Zukunft nees schrëftlech festgehale ginn. Op Recommandatioun vun de Beroder huet den Nationalcomité driwwer tranchéiert an dunn och decidéiert, déi sozial Cotisatiounen, déi de Frank Engel aus der Parteikees rembourséiert krut, zeréckzefroen.
An hirer Ried huet CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen refuséiert, vun engem Widdersproch tëscht der Partei an der Fraktioun ze schwätzen. Ëmmer nees huet een um Kongress héieren, dass den Dialog an wärend der Presidence vum Frank Engel tëscht den CSV-Politikerinnen a Politiker gelidden hätt. Virun allem tëscht Fraktioun hätt et d'Kommunikatioun net geklappt.