Interview Dr. Schmit (Deel 2)Wéi kann ee Virdeeler fir Geimpfter ëmsetzen an op wat muss een oppassen?

RTL Lëtzebuerg
Eréischt, wann de Gros vun der Populatioun geimpft ass, kéint een doriwwer nodenken, de Geimpfte Virdeeler ze ginn, sou de Santésdirekter.

An Däitschland an an Éisträich solle geimpfte Persounen elo méi Fräiheete kréien. De “European Center for disease control and prevention” (ECDC) huet elo éischt Recommandatiounen zu deem Sujet eraus ginn. Et wier een amgaangen ze analyséieren, wéi se hei zu Lëtzebuerg kënnen agefouert ginn, esou d’Santé. Et misst een op e puer Saachen oppassen, besonnesch a Bezuch op eeler Leit.

Eréischt, wann de Gros vun der Populatioun geimpft ass, kéint een doriwwer nodenken, de Geimpfte Virdeeler ze ginn. De Risiko, sech ze infizéieren, wier nämlech manner grouss an de Verlaf vun der Covidinfektioun manner schwéier, esou de Santésdirekter Dr. Jean-Claude Schmit:

“Et ass warscheinlech esou, dass ee Punkto Quarantän zum Beispill ka verschidde Simplificatioune maachen. Also Leit, déi geimpft wären, misste vläicht net méi a Quarantän goen, wa se mat enger infizéierter Persoun a Kontakt waren.”

Dr. Jean-Claude Schmit iwwer Geimpfter / Rep. Nadine Kremer

Et misst een awer weider oppasse bei Leit mat schwaachem Immunsystem. Do bleift de Risiko, sech ze infizéieren, trotz Impfung méi héich.

“Ech denken do haaptsächlech un eeler Leit. Do ass et ganz kloer, dass si sech nach kéinten infizéieren an och Konsequenze vun där Infektioun hunn. Respektiv Leit mat chroneschen Erkrankungen, wou och den Immunsystem vläicht net esou gutt géif funktionéieren.”

Et goufe jo rezent zwee Clusteren an Altersheemer. Obwuel d’Pensionäre komplett geimpft waren, si se deelweis krank ginn. D’Impfung hätt awer gehollef, schwéier Verleef ze verhënneren. Mat der Schnelltest-Strategie kéint een evitéieren, dass de Virus nees an d’Alters- an Fleegeheemer erabruecht gëtt.

“Duerch Visiteuren, déi infizéiert sinn an net wëssen, dass se infizéiert sinn, respektiv duerch verschidde Prestatairen, déi erakommen a reegelméisseg a Kontakt si mat de Leit. An deem Sënn fannen ech dat eng extrem wichteg Mesure.”

Dowéinst ginn d’Schnelltester déi nächst Wochen a Méint weider gemaach, bis dass bedeitend manner Fäll bannent der Populatioun zirkuléieren.

Een anere Risikogrupp sinn ufälleg Persounen, déi Doheem gefleegt ginn. Vun hinnen ass nëmmen ongeféier d’Hallschent geimpft. Do muss deemno nach Sensibiliséierungsaarbecht geleescht ginn: “Et ass e bësse méi komplizéiert, well déi Leit sech net onbedéngt deplacéiere kënnen, mä mir hunn awer do mobil Ekippen, déi sur place kënne goen, fir déi Leit ze impfen.”

Mobil Ekippen hu schonn 10.000 Persoune geimpft. Par konter wier dat éischter an Alters- a Fleegeheemer wéi bei Persounen Doheem. 8.000 Leit kruten och schonn déi zweet Dosis.

RTL-News: Interview Dr. Schmit (Deel 1): All Impfphas ass gläichzäiteg och eng Testphas

Back to Top
CIM LOGO