Deel 1 - De Bësch am Éislek, gepräägt duerch d'Lieder-Industrie
Des Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass.
Vu Bichen, Louhecken a Fiichten
Een Drëttel vum Lëtzebuerger Territoire si Bëscher. Och wann de Grand-Duché vun der Fläch hier ee vun de klengste Staaten ass, sinn d'Bëscher an alle Regioune ganz verschidden. D'Problemer déi se hunn, duerch méi waarm Temperaturen a manner Reen, sinn änlech.
Dës Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass. Vill Geschichte gëtt et ze zielen, iwwert d'Bëscher am Éislek bis erof an de Minette.
Deel 1: De Bësch am Éislek, gepräägt duerch d'Lieder-Industrie
D’Buch war dee Bam, deen ee virun 3-400 Joer am heefegsten am Éislek gesinn huet. Mat der Schuel vun der Eech, dem Lou, kann ee Lieder gierwen. Dofir goufe vill vun de Buchen duerch Eechen ersat. Vun 30.000 Hektar Buchebësch sinn der 26 000 Louhecke ginn.
Enn de 50er Joren ass déi lescht Loumillen zu Wolz zougemaach ginn, d’Gierwerei hat wärend dem zweete Weltkrich nach emol en Opschwong kritt. D’Louhecken haten nom Krich kaum nach e wäert. D’50er a 60er Jore waren déi vun de Fiichtebëscher. En Holz wat méi séier wiisst. Ma haut si vill vun de Fiichte mam Borkenkäfer befall. Et wëll ee keng Kalflächen, dofir well een d’Fiichten elo net komplett eraushuelen. Vill méi géif ee kucken, datt elo aner Bamaarte lues a lues an déi Bëscher erfannen. D’Naturverwaltung kann aktiv jonk Beem op esou Plaze planzen. Ma d’Natur reguléiert sech och selwer.