Deel 2 - De Bësch am Osten, Manternacher Fiels an d’Eechebësch
Dës Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass.
Vu Bichen, Louhecken a Fiichten
Een Drëttel vum Lëtzebuerger Territoire si Bëscher. Och wann de Grand-Duché vun der Fläch hier ee vun de klengste Staaten ass, sinn d'Bëscher an alle Regioune ganz verschidden. D'Problemer déi se hunn, duerch méi waarm Temperaturen a manner Reen, sinn änlech.
Dës Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass. Vill Geschichte gëtt et ze zielen, iwwert d'Bëscher am Éislek bis erof an de Minette.
Deel 2 : De Bësch am Osten, Manternacher Fiels an d’Eechebësch
Am zweeten Deel vun eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Bëscher si mer am Oste vum Land ënnerwee.
De Manternacher Fiels ass en Totalbëschreservat an ee vun de leschte Schluchtbëscher hei am Land. D’Erosioun huet am Laf vun Dausende Joren enk Däller hannerlooss. Am fiichten, kale Bësch fënnt sech am kallekhaltege Buedem ënnert anerem den Hirschzungenfarn ganz wuel. D’Ulm fënnt ee kaum nach an Europa, e puer Exemplaire stinn nach hei, ma och déi wäerte mat der Zäit verschwannen. Aner Aarte wäerten dann an déi Nischen drängen. D’Aartevillfalt wäert awer zréckgoen.
Charakteristesch fir d’Bëscher am Oste sinn di schwéier Keuperbiedem, e fiichte leemege Buedem, deen awer och séier dréchne kann. D’Eechen an d’Houbichen hunn hei hiert d’Doheem.
Deel 1: De Bësch am Éislek gepräägt duerch d'Lieder-Industrie