Associatioun "Passerell" huet kee Versteesdemech fir refuséiert Asyl-Demanden

© AFP
"Den Afghanistan ass net sécher". De Message vun der Associatioun "Passerell", déi den Asyl-Demandeuren zu Lëtzebuerg juristesche Support ubitt, ass kloer.
D'ASBL kritiséiert de Lëtzebuerger Immigratiounsministère an den zoustännege Minister Jean Asselborn: Zanter leschtem Joer géife verhältnesméisseg vill Asyl-Demandë vun Afghane refuséiert ginn. An dat, obwuel d'Situatioun an deem Land alles anescht ewéi besser gi wär.
Déi plakeg Zuele fir d'éischt: Zejoert goufen 61 Prozent vun den Demandë fir international Protektioun vun Afghanen zu Lëtzebuerg refuséiert.
Konkreet heescht dat: 45 Persoune kruten de Statut als Refugié unerkannt. 71 Mënschen aus dem Afghanistan dogéint awer net. Virdru war dat anescht, gëtt d'Ambre Schulz vun der Associatioun "Passerell" ze bedenken. An enger Decisioun vun der Cour administrative hat et nämlech geheescht: "dass et am Afghanistan en arméierte Konflikt géif ginn. Dat huet geheescht, dass bal all d'Afghanen zu Lëtzebuerg déi international Protektioun kruten."
2018 kruten all d'afghanesch Asyl-Demandeuren eng Zouso. Dat Joer duerno nach 90 Prozent. Zejoert just nach 39 Prozent. D'Ambre Schulz: "Et ass also en drastescht Changement, dat net erkläert ka ginn duerch d'Situatioun am Afghanistan."
D'Land wär alles anescht ewéi sécher: D'Arméi an d'Taliban bekriche sech fir all Meterkaree vum Territoire. D'Sécherheet vun der ziviller Populatioun géif sech verschlechteren duerch de Réckzuch vun den Nato-Truppen, virop vun deene vun den USA.
Asyl-Demandeure wären - zréck am Afghanistan - a Liewensgefor, warnt d'Ambre Schulz.
"Mir schécke keen zeréck an den Afghanistan", sot dogéint de Lëtzebuerger Immigratiounsminister Jean Asselborn am Mäerz dëst Joer. Den Zuelen aus deem Ministère no hu vu Januar bis Mäerz 2021 effektiv 18 Demandeure vun internationaler Protektioun d'Land verlooss, d'Hallschent forcéiert. Aus dem Afghanistan war keen dobäi.
Nawell freet d'ASBL "Passerell" no Kloerheet, wat da méi spéit mat de Persoune geschitt, déi de Statut vum Refugié net kréien. D'Ambre Schulz fuerdert iwwerdeems, "dass d'Situatioun gekläert gëtt, an dass Lëtzebuerg méi genee kuckt, wat am Afghanistan geschitt."
Bis Enn Mäerz vun dësem Joer hu scho weider 211 Persounen eng Demande fir protection internationale gemaach. 17 aus dem Afghanistan.
Mir hunn eisen Invité vun der Redaktioun, de Jean Asselborn, en Donneschdeg de Moie mat dëser Kritik konfrontéiert.