En Donneschdeg de Moie war den Ausseminister eisen Invité vun der Redaktioun.

Ech hunn zënter 2015 nach keen Afghan heem geschéckt, sou reagéiert den Ausseminister Jean Asselborn op d'Reprochë vun der ASBL Passerell. Déi hat sech beschwéiert, datt zejoert d'Majoritéit vun den Asyldemande vun Afghane refuséiert goufen, dobäi wier den Afghanistan kee séchert Land.

Et géif kee Changement an der Lëtzebuerger Politik ginn, d'Instruktioune vun der Europäescher Unioun géinge respektéiert ginn, d'Prozeduren agehale ginn, sou den LSAP-Minister. All Fall géing individuell traitéiert ginn, d'Beamte géingen do hir Aarbecht maachen. De Refus wier jo och net definitiv, d'Justiz hätt dat lescht Wuert.

Op alle Fall géif keen heem geschéckt ginn. Déi concernéiert Leit kréichen en titre de séjour a kéinten hei hiert Liewe maachen.

An Israel sëtze vun elo un aner politesch Acteuren um Rudder, allerdéngs misst ee lo mol ofwaarden, ob déi nei Regierung an der Knesset och de Feu-vert kritt, sou de Jean Asselborn.

Déi nei Koalitioun wier aus ganz ville Parteie zesummegestallt, mat un der Spëtzt engem Premier Naftali Bennett, deen e Radikale vum rietse Bord wier, sou de Lëtzebuerger Diplomatiechef. Et misst ee kucken, wat dat géing ginn. Op alle Fall hofft den Ausseminister op eng moderat Politik. Den aktuelle Premier Benjamin Netanjahu hätt nämlech an de leschte 4 Joer vill futti gemaach.

Fir de Jean Asselborn ass et op alle Fall kloer, datt kee Wee laanscht eng Zwee-Staate-Léisung féiert an datt d'Siidlungspolitik muss ophéieren. Wann do näischt geschitt, da wier geschwë rëm Krich. D'Europäesch Unioun sollt an der No-Ost-Fro och endlech mat enger Stëmm schwätzen.

Nom Incident mam Ryanair-Fliger wiere Mesurë géint Belarus an der Maach, dat op 3 Niveauen. Et gi Sanktioune géint Persounen, ekonomesch Sanktiounen a Limitatioune fir de Loftraum. Méi kéint een elo net maachen.

Ënnert dem Lukaschenko wäert näischt änneren, do ass keen Dialog méiglech, esou de Jean Asselborn, deen net ausschléisst, datt aus Wäissrussland eemol Russland gëtt.

Op alle Fall wier et falsch, all Kanäl mat Russland ze kappen. D'Europäesch Unioun sollt an dëser Saach weider op den Dialog setzen.

Invité vun der Redaktioun: Jean Asselborn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.