Kriminalitéitsbekämpfung amplaz KuschelpolitikD'Sam Tanson reagéiert op Kritik vun der CSV

Frank Goetz
D'CSV huet op enger Pressekonferenz kritiséiert, dass net genuch géint d'Kriminalitéit hei am Land gemaach gëtt. Dat léisst d'Sam Tanson net esou stoen.
Kriminalitéitsbekämpfung amplaz Kuschelpolitik
D'CSV huet op enger Pressekonferenz kritiséiert, dass net genuch géint d'Kriminalitéit hei am Land gemaach gëtt.

Reaktioun Sam Tanson op CSV - Reportage vum François Aulner

Wien an de Prisong kënnt, decidéiert net de Minister. "Et ass natierlech elementar, datt mir d’Sécherheet vun de Leit garantéieren", esou déi gréng Justizministesch Sam Tanson an enger éischter Reaktioun op d'Kritik vun der CSV, datt Leit déi gepëtzt goufen dacks géingen fräigelooss ginn. Si huet am RTL-Interview erkläert, datt Lëtzebuerg e Rechtsstaat ass, en Etat de droit, wou net de Justizminister decidéiert wien an de Prisong kënnt a wien net. De Parquet oder den Untersuchungsriichter evaluéieren déi eenzel Fäll, sou d'Sam Tanson.

Et kéim emol vir, datt eng Persoun, déi festgeholl gouf, fräigelooss gëtt, well net genuch Konditiounen erfëllt wieren, fir déi Persoun direkt an de Prisong ze schécken. Et ka sinn, datt en Untersuchungsriichter kee Gronn fir eng Untersuchungshaft gesäit, datt net genuch Elementer virleien oder datt d’Chambre du Conseil eng Fräiloossung accordéiert. "Do spillt onse Rechtsmechanismus, deen no objektive Krittär verfiert an do mécht sech d’Politik net an, et sief dann, et wiere Problemer an de Prozeduren", sou d’Ministesch. Vun esou Problemer hätt si awer keng Kenntnis.

D’Sam Tanson sot och, am Prisong wieren net manner Detenuen ewéi soss. Am Cabinet d’instruction an der Stad géingen am Moment 12 bis 20 flagrant Deliten d’Woch erakommen, d’Police wier ganz aktiv an et wier zu ville Festname komm. All déi Fäll géingen elo mam néidege Seriö gekuckt ginn. Wat d’Drogekriminalitéit ugeet, sot d’Sam Tanson, zu Lëtzebuerg wéisst een net ëmmer, ob een et mat engem Dealer oder Konsument ze dinn hätt an dowéinst déi Persounen, déi mat Droge gepëtzt ginn, net an de Prisong kommen. Auslänner a Lëtzebuerger missten och do d’selwecht behandelt ginn.

D’Kritik vun der CSV, si géing de Kapp an de Sand stiechen, huet d’Sam Tanson och net gëlle gelooss. Si sot d’CSV wéisst ganz gutt, datt zum Beispill e Projet de loi an der Maach ass fir d‘"Fouille corporelle". Un den erweiderte Kompetenze fir Agents municipauxen an un der Videoiwwerwaachung géing och geschafft ginn. Si géing de Frust bei der Police a bei de Leit verstoen, mee amplaz, datt Politiker sech permanent de Ball zeréckzeschéissen, hätte si besser zesummeschaffen, sou d’Sam Tanson.

Sam Tanson reagéiert op Kritik vun der CSV
D'CSV huet op enger Pressekonferenz kritiséiert, dass net genuch géint d'Kriminalitéit hei am Land gemaach gëtt. Dat léisst d'Sam Tanson net esou stoen.

D'Kritik vun der CSV

D'Oppositiounspartei sot op enger Pressekonferenz, d'Mark vu 40.000 Delikter an engem Joer gouf d'lescht Joer iwwerschratt. Se huet dat awer net mat der Croissance vun der Populatioun a Relatioun gesat. Trotzdeem, fir d'CSV géingen d'Zuele vun der Police d'Suerge vun de Leit bestätegen.

Si fuerdert dowéinst, datt endlech all déi Mesuren ëmgesat ginn, déi se zanter Jore fuerdert: dorënner méi Polizisten, méi Kompetenze fir d'Agents municipauxen, e generelle Platzverweis, méi Videoiwwerwaachung, d'Aféiere vu Bodycams an Taseren, mee awer och d'Schafe vu klore Reegelen fir d'"Fouille corporelle".

De grénge Ministere fir Police, Henri Kox, a fir Justiz, Sam Tanson, huet den CSV-Deputéierten a Stater Schäffen Laurent Mosar virgehäit, de Kapp an de Sand ze stiechen. Hien huet gefrot, ob ee sech bewosst wier, wéi demotivant et fir Poliziste wier, wa se sech d'Méi ginn, Täter festzehuelen an déi awer puer Deeg drop erëm op fräiem Fouss wieren.

De Laurent Mosar

An dem Laurent Mosar no misst een emol „klipp a kloer" soen, datt et sech ëm auslännesch Stroftäter géing handelen , déi net emol legal hei am Land wieren. Dem CSV-Deputéierte Léon Gloden no missten esou Delinquenten zeréck an hir Heemecht geschéckt ginn.

De Léon Gloden

D'CSV huet awer och fir méi Sozial- a Preventiounsaarbecht plädéiert. Op d'Fro, ob d'CSV zu Ettelbréck dann elo och eng Fixerstuff géing acceptéieren, fir d'Stad z'entlaaschten, huet de Laurent Mosar geäntwert, hien hätt net d'Gefill, datt den Ettelbrécker Schäfferot radikal dogéint wier.

Back to Top
CIM LOGO