D'Nofro wier zanter November zejoert méi héich, wéi ee bei der Commande leschten Hierscht antizipéiert hat.

De medezinesche Cannabis ass aktuell knapp hei am Land - bei allen 3 Zorten, déi zu Lëtzebuerg accessibel sinn, ginn et am Ablack Enkpäss, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.

D'Nofro wier zanter November zejoert méi héich, wéi ee bei der Commandë leschten Hierscht antizipéiert hat. Enn 2020 wier eng zousätzlech Ausschreiwung gemaach ginn, ma do gouf kee passende Produzent fonnt. Aktuell leeft dowéinst nach eng nei Ausschreiwung.

Aktuell ass et esou, datt d'Spidolsapdikten zanter e puer Woche kee Stock méi hunn. Dat huet och d'Associatioun vun de Spidolsapdikten (APHL) RTL géintiwwer confirméiert.

Wéini fir d'nächst medezinesche Cannabis ka geliwwert ginn, kéint een elo nach net soen, sou d'Ministesch an hirer Äntwert op déi parlamentaresch Fro.