No Massekläpperei hanner PalaisZwou Enquêten: Eng wéinst Rebellioun an eng wéinst Feelverhale vu Polizisten

RTL Lëtzebuerg
No der Massekläpperei hannert dem Palais um Virowend vum Nationalfeierdag, lafen elo zwou Enquêtë parallel.
© Police Archivbild

Bei dësem Tëschefall war jo eng Persoun schro am Gesiicht verwonnt ginn. Wéi de Parquet RTL confirméiert huet, gëtt wéinst Rebellioun enquêtéiert, parallel huet awer och d’Inspection générale de la Police eng intern Enquête wéinst eventuellem Feelverhale vun de Poliziste lancéiert.

Bei der interner IGP Enquête geet et drëms ze klären, wouduerch e Jonken esou uerg am Gesiicht blesséiert gouf an ob den Asaz an d’Mëttele vun de Beamte proportionéiert waren.

De Parquet huet dann och eng Enquête wéinst Rebellioun opgemaach, wou et ze kläre gëllt, op d’Polizisten och verbal an kierperlech agresséiert goufen.

Ëm 2.30 Auer hat e Grupp Jonker hannert dem Palais randaléiert an d’Police provozéiert. Op Videoen, déi eis virleien, gesäit een hefteg Ausernanersetzungen a wéi d’Poliziste Pefferspray a Knëppelen asetzen.

RTL-News: Zeie gesicht - Polizist bei Ausernanersetzung an der Stad mat Fauscht an d’Gesiicht geschloen

Back to Top
CIM LOGO