Lëtzebuerg plangt den Ament keng Reesrestriktioune fir Portugal
D'Zuel vun den Neiinfektioune sinn a Portugal nees um klammen. Lëtzebuerg géif d'Situatioun genee am A behalen.
Eis däitsch Noperen hu Portugal nees als sougenannt Virus-Variante Gebitt klasséiert. Vun en Dënschdeg un ginn d'Vollen, awer och Bus-Reesen, vun Däitschland aus Direktioun Portugal annuléiert. Leit déi aus der Vakanz zeréck kommen, musse 14 Deeg a Quarantän, och wa se scho geimpft sinn oder en negativen Test hunn. Lëtzebuerg behält d'Situatioun a Portugal am A, plangt den Ament awer keng Reesrestriktiounen.
D'Zuel vun den Neiinfektioune sinn a Portugal nees um klammen. Déi lescht Woch iwwer hu sech am Schnëtt all Dag eng 1.400 Leit mam Virus ugestach. Virop an der Haaptstad Lissabon ass d'Situatioun besonnesch eescht, d'Delta-Variant mécht hei 70 Prozent vun den Neiinfektiounen aus.
Lëtzebuerg plangt den Ament keng nei Reesrestriktioune wat Portugal ugeet, heescht et aus der Santé. Lëtzebuerg hätt ëmmer versicht, fir seng Grenzen opzehalen, dat wéilt een elo net änneren. D'Virus-Variant Delta wär a ganz Europa um klammen, zu Lëtzebuerg läit deen Taux den Ament bei 35 Prozent, sot den Direkter vun der Santé Dr. Jean-Claude Schmit op RTL-Nofro.
D'Europäesch Unioun huet dann elo och d'Reesrestriktioune fir verschidden Drëttstaaten opgehuewen. Dat heescht vun e Méindeg un däerfen zum Beispill nees Amerikaner op Lëtzebuerg kommen.