En Dënschde stoung den Affekot André Lutgen viru Geriicht. Him gëtt Intimidatioun an Outrage, also Beleidegung, vun engem Untersuchungsriichter virgehäit.

Géigestand vum Prozess war e Mail-Echange tëscht dem Maître Lutgen an dem Untersuchungsriichter, sou wéi och tëscht dem Maître Lutgen an der Procureure générale d'Etat Martine Solovieff.

Optakt Prozess Lutgen / Rep. Diana Hoffmann

Em déi 80 Affekote waren en Dënschdeg komm, fir hire Confrère ze ënnerstëtzen oder sech de Prozess unzelauschteren. Ze vill an net Covid-konform, huet de Riichter decidéiert, a bal d'Hallschent erausgeschéckt, ier hien ugefaangen huet.

Relativ séier, nodeems den Ugekloten an d'Partie plaignante geschwat haten, hat een d'Gefill, do sinn der zwee sech net ganz gréng. Gemengt sinn hei de Maître André Lutgen, an den Untersuchungsriichter, deen den Affekot beim Parquet denoncéiert hat. Déi zwee ware virun zwee Joer mat enger Affäre ronderëm en déidlechen Aarbechtsaccident bei ArcelorMittal zu Déifferdeng befaasst. Den André Lutgen war den Affekot fir d'Entreprise. Den Ausléiser fir de Clinch ware sougenannte Scelléen. Also Ofspärungen, déi weisen, dass d'Maschinn, wou den Accident geschitt ass, net däerf a Betrib geholl ginn, bis den Expert, an dono den Untersuchungsriichter se fräi gëtt. All Stonn, wou net konnt normal geschafft ginn, huet de Betrib eng 122.000 Euro verluer.

Wéinst dëser Drénglechkeet wollt de Maître André Lutgen sech beim Untersuchungsriichter iwwert de Suivi vun der Affär informéieren. Krut awer keng Äntwert. Aus dësem Grond huet hien eng Mail un den deemolegen Ekonomiesminister Etienne Schneider an den deemolege Justizminister Félix Braz gemaach, an d'Procureure générale d'Etat Martine Solovieff a Kopie gesat. Dës huet du beim Untersuchungsriichter nogefrot, wou d'Affär dru wier. Eréischt doduerch ass den Untersuchungsriichter vun der Mail gewuer ginn, mat de bekannte Suitten.

"Ech weess guer net, wéisou ech hei sinn", an "ech hu just meng Aarbecht am Sënn vu mengem Mandant gemaach", huet den André Lutgen bei e puer Geleeënheete widderholl. Hien hätt den Expert op kee Fall wëllen ënner Drock setzen, mee sech just informéieren, wou d'Affär dru wier. Dass de Maître Lutgen a senge Bréiwer net géint den Deontologie-Kodex vun den Affekote verstouss hat, konnt d'Batonnière Valérie Dupong bestätegen. Heiriwwer hat schonn de Conseil de l'Ordre decidéiert.

Den Untersuchungsriichter hat dëst awer anescht empfonnt. Schliisslech hätt de Maître Lutgen der Procureure générale an de Ministere quasi ze verstoe ginn, datt hie seng Aarbecht net géing uerdentlech maachen. Bei der Fro, déi de Riichter ëmmer erëm widderholl huet, also firwat hien de Maître Lutgen net einfach doriwwer informéiert huet, dass d'Scelléen opgehuewe gi wieren, ass den Untersuchungsriichter bei senger Ausso bliwwen: Hien dierft guer net mat Affekote schwätzen, déi Partie Tiers wieren.

Fir Kloerheet an den Dossier ze kréien, gouf dann och d'Procureure générale Martine Solovieff gehéiert. "Ech sinn nach ni als Zeie gehéiert ginn", seet si direkt am Ufank, an ass och sichtlech net frou doriwwer. De Mail hätt si just gemaach, fir ze hëllefen, an dobäi hätt si och de Maître Lutgen dorop higewisen, datt et net ubruecht gewiescht wier, sech un d'Ministeren ze riichten.

Dat wousst den André Lutgen och selwer. Hie wollt d'Martine Solovieff "foxen", wéi hien et nennt. Hien hätt och gewosst, dass e vun de Ministere keng Äntwert géing kréien. Trotzdeem, um Fait de Mail gemaach ze hunn, wier näischt Illegales. An hätt zu enger Reaktioun gefouert.

Der Fro, ob elo den Tatbestand vun der Intimidatioun oder Outrage vun engem Riichter erfëllt gouf, gëtt en Donneschdeg de Moie weider op de Fong gaangen.

Wat virum Optakt vum Prozess gewosst war

Dass en Affekot viru Geriicht ugeklot gëtt, ass eigentlech näischt Besonnesches. Dass him awer Intimidatioun an Outrage géint e Riichter, also Beleidegung, virgeworf gëtt, ass awer aussergewéinlech. Ugeklot ass den Affekot André Lutgen, en Numm, dee Leit aus dem Milieu wuel bekannt ass. Hie weist dës Virwërf natierlech vu sech. Op Outrage géint e Riichter sti bis zu 10 Joer Prisong. Aussergewéinlech ass bei dësem Prozess awer och nach, dass d’Procureure générale d’Etat Martine Solovieff als Zeie wäert gehéiert ginn.

Prozess Riichter géint Affekot / Reportage Diana Hoffmann

Firwat ass den Affekot André Lutgen ugeklot?

Déi ganz Affär geet op en déidlechen Aarbechtsaccident virun 2 Joer bei ArcelorMittal zu Déifferdeng zréck. Nom Accident war eng Stroumkëscht versigelt ginn, huet also net méi däerfen a Betrib si bis en Expert, dee vum Untersuchungsriichter chargéiert gouf, se fräiginn huet. Wëll dat riskéiert hätt zu engem Produktiounsstopp ze féieren, déi fir dem Maître André Lutgen säi Mandant ArcelorMittal mat enger enormer Perte verbonnen ass, huet den Affekot sech fir e séiert Ophiewe vun dëser Moossnam agesat. Dofir hat hien eng Mail un den Untersuchungsriichter geschéckt. Well awer keng Réckmeldung komm ass, huet den Affekot sech un d’Procureure général d’Etat d’Martine Solovieff geriicht an den deemolegen Ekonomiesminister souwéi den deemolege Justizminister a Kopie gesat.

An dat ass net erlaabt?

Dat ass d’Fro. Den Untersuchungsriichter huet eng Plainte géint den André Lutgen deposéiert. Ob den Affekot elo awer wierklech Drock op e Magistrat ausgeüübt huet oder just am Sënn vu sengem Client gehandelt huet, mussen d’Riichter entscheeden. D’Associatioun vun den Avocats pénalistes wollt en Dënschdeg mobiliséieren, fir den André Lutgen viru Geriicht ze ënnerstëtzen.

Wat ass d’Uleies vun den Avocats pénalistes?

D’Plainte géint den Affekot wier eng frontal Attack op d’Onofhängegkeet vun den Affekote soe si. Froen, déi sech awer hei och stelle sinn, wéi wäit d’Liberté de parole vum Affekot geet, fir sech fir säi Mandant anzesetzen. An u wie sech den Affekot iwwerhaapt hätt kéinten/dierfe riichten, wann hie sech ongerecht vum Untersuchungsriichter behandelt fillt. E Conseil de la Magistrature gëtt et ze Lëtzebuerg nach net, den néidege Projet de loi gëtt den Ament eréischt ausgeschafft.

An der éischter Sitzung am Prozess en Dënschdeg de Mëtteg wäert et Mol fir unzefänken ëm vill Detailer goen, also wat genau an de Maile stoung, déi den André Lutgen verschéckt hat.