Dat geet aus der neister “Sonndesfro” ervir, déi TNS Ilres am Optrag vun RTL an dem Wort gemaach huet.
Scho bei der leschter Sonndesfro am November zejoert hat d‘CSV 4 Sëtz verluer. D‘LSAP an d‘DP hate souguer all Kéiers zwee Sëtz bäigewonnen. D‘ADR hat dunn ee Sëtz bäikritt an d‘Pirate waren nach ëmmer bei zwee Sëtz.
D‘LSAP an d‘DP géifen d‘3er-Koalitioun retten, d‘Regierung wënnt am Sondage am Verglach mat de Walen am Oktober 2018 ee Sëtz bäi, d‘Oppositioun verléiert een.
Virun der Covid-Kris huet dat nach anescht ausgesinn, do gouf et eng Patt-Situatioun tëscht Regierung an Oppositioun vun 30/30.
DP an LSAP hunn däitlech vun der Gestioun vun der Covid-Kris profitéiert, den 3. Regierungspartner – déi Gréng – net.
Et ass och déi 1. Kéier, datt keng 2er-Koalitioun méi méiglech wär, just nach 3er-Koalitiounen hätten eng Majoritéit. Sou kéinten och zum Beispill Piraten oder déi Lénk eng Zort „Königsmacher“ ginn.