Als räich gëllt eng Persoun, déi iwwer e Verméige vun op d’mannst enger Millioun Dollar (800.000 Euro) verfüügt, déi eege Wunneng net abegraff.
De Räichen hiert gesamt Verméigen ass zejoert ëm 8,3% geklommen. All zesummen hate si 126,5 Milliarden Dollar. Dat ass 5x de Staatsbudget vun 2020. An der Moyenne hat ee Räichen zu Lëtzebuerg 3 Milliounen Dollar zur Verfügung.
Den Zouwuess u Räichen a Verméige wier engersäits duerch Investissementer op der Bourse, besonnesch an Tec Aktien, ze erklären. Anerersäits duerch de Wäertgewënn vun den Immobilien. Dëse louch Capgemini no zejoert bei 9,8%.
Knapp 22% vun hirem Portfolio haten d’Millionäre vu Lëtzebuerg zejoert an Immobilien investéiert. D’Investissementer op der Bourse maachen 20% aus. 18% hate si awer och an ekologesch oder nohalteg Alternativen investéiert. 18% ware fest Akommes, 22% Cash an Equivalenter.
De Grand-Duché situéiert sech domadder an der Liga vu Länner wéi der Schwäiz oder Monaco. An der Belsch iwwerdeems hunn d’Millionäre sech d’lescht Joer manner beräichert. Hiert Verméigen ass ëm 2,4% gewuess.