D'Foire Agricole dëse Weekend an den Däichwisen zu Ettelbréck an an digitaler Form op rtl.lu.

Déi 38. Foire Agricole Ettelbruck (FAE) ass dëst Joer hybrid : an den Däichwisen zu Ettelbréck (fir all déi, déi hiren Ticket op fae.lu reservéiert hunn) an digital am Livestream FAE TV op fae.lu, RTL.LU, um Kanal 99 vun der Telee vun der Post, op YouTube a Facebook, all Dag vun 10.00 bis 16.00.

Livebiller vum Event, Showen, Interviewen, Reportagen iwwer Aussteller a Produzenten, Concouren...

Loosst d'Foire Agricoe nach emol Revue passéieren!