Et ass éischter ongewéinlech, dass d'IGP am Kontext vum Virfall um Virowend vun Nationalfeierdag freet, ob Leit eppes gesinn hunn.

Ass den 23. Juni Moies um 2.30 Auer an der Uewerstad, um Eck Rue du Rost - Fleeschéiergaass, eng Rebellioun géingt Policebeamten aus dem Rudder gelaf?

Koum et zu Polizeigewalt? Videoen zirkuléieren zanter Nationalfeierdag an de soziale Medien.

An de Fall vun engem jonke Mann, dee schwéier blesséiert an d'Spidol um Kierchbierg ageliwwert gouf, kritt elo juristesch Suitten. Mat enger duebeler Plainte beim Parquet a bei der Inspection Générale vun der Police.

"Déi Plainte si motivéiert, well de Kevin d'Affer vun engem ganz uerge Schlag an d'Gesicht gouf. Säi Behuele justifizéiert net déi Attack vun anscheinend engem Member vun der Police. Mir froen d'Autoritéiten, dës Affär opzeklären, wat d'Ëmstänn deen Owend ubelaangt. Mir hu vollt Vertrauen, datt dem Kevin a senger Famill erkläert gëtt, wat geschitt ass. An och datt all d'Konsequenzen, wat d'Justiz ubelaangt, gezu ginn", sou de Maître Frédéric Mioli, Affekot vum Affer.

Wat ass den 23. Juni hannert dem Palais geschitt?

Déi Fro beschäftegt och d'Generalinspektioun vun der Police. Déi elo am direkten Zesummenhang mat dëser Affäre en Zeienopruff erausginn huet: All Persoun, déi susceptibel wier, eppes gesinn ze hunn, respektiv, déi am Besetz vu Video-Material wier, soll sech bei der IGP mellen.

Kontakt : igp@igp.etat.lu oder 264853-35

Et geet drëms ze klären, wouduerch deen 19 Joer jonke Kevin ganz uerg am Gesiicht blesséiert gouf an ob den Asaz vun de Beamte verhältnisméisseg war?

Wat d'Blessuren ubelaangt, sou gouf dee jonke Mann nieft enger gebrachener Nues, virop ganz schwéier am Beräich vum lénken A verletzt. An dësem Ament steet weider net fest, op säin Aen nach gerett ka ginn.

"Op de sozialen Netzwierker sinn eng Rei Videoen ze gesinn. Dorënner een, wou et duerno ausgesäit, wéi wann de Kevin effektiv de Schlag mat enger Matraque an d'Gesicht géif kréien. En anert Element ass, datt am Rapport aus der Klinik och vun enger Aggressioun mat enger Matraque riets ass", sou den Affekot weider.

RTL

De jonken Escher hat um Virowend vun Nationalfeierdag gefeiert. En hat och an dësem Fréijoer scho mat der Police an der Justiz ze dinn. Wéinst engem Drogendelikt, an enger Kläpperei ënner Schüler op der Kinnekswiss. Fakten. Déi awer d'Gravitéit vum Tëschefall hannert dem Palais net rechtfäerdege géifen, sou den Affekot.

"De Kevin huet effektiv deen Owend mat Frënn gefeiert. Eng Feier, déi an en Drama ëmschléit. Hien huet d'Gefill, datt en ongerecht behandelt gouf. Well en deen Owend näischt gemaach huet. Et kann ee soen, datt en um falschen Ament op der falscher Plaz war. Hien huet sech sécher net esou beholl, dat de Fait, datt en e Schlag mat enger Matraque an d'Gesiicht kritt, gerechtfäerdegt wier. An nach manner, wat d'Konsequenze fir hien ubelaangt", sou de Frédéric Mioli, dem Affekot vum Affer.

D'Kameraen un de Mauere vum Palais, respektiv aner Privat Video-Material kann d'Enquêteure mat Sécherheet weiderbréngen an Äntwerten op d'Froe liwweren, déi haut nach am Raum stinn.

Schreiwes vun der IGP

APPEL A TEMOINS

Dans le cadre de son enquête judicaire portant sur d’éventuelles violences policières dans le contexte des évènements qui ont eu lieu dans la nuit du 22 au 23 juin 2021 dans les rues adjacentes au Palais grand-ducal, l’Inspection générale de la Police lance un appel à témoins.  Elle invite toute personne susceptible de fournir des renseignements utiles à l’enquête ou en possession d’enregistrements ou de matériel vidéo des scènes qui s’y sont déroulées ainsi que toute victime potentielle à se manifester et à la contacter par téléphone au numéro (+352) 264853-35 pendant les heures d’ouverture de 7h00 à 16h00 ou par e-mail à l’adresse : igp@igp.etat.lu.