170 Exposante si bis e Sonnden op der Plaz
Zejoert war d'Foire Agricole wéinst der Corona-Pandemie nëmmen digital. Dëst Joer gëtt se awer esouwuel physesch ewéi och digital organiséiert.
Am Ganze sinn dëst Joer eng 170 Exposante present. Ervirzehiewen ass dëst Joer virun allem den 10. Anniversaire vun der Kooperativ Fair Mëllech.
Op der Plaz gëllen dann och besonnesch sanitär Virschrëften. Maximal däerfe sech 2.000 Persoune gläichzäiteg um Site ophalen. All Visiteur muss d'Krittäre vum CovidCheck erfëllen, also entweder geimpft, gesond oder getest sinn. Sollt dëst net de Fall sinn, kënnen an den Agäng Schnelltester duerchgefouert ginn. Fir Waardeschlaangen z'evitéieren, kënnen d'Ticketen nëmmen online kaaft ginn.
D'Visiteure fannen d'Hygièneskonzept vun der Foire Agricole gutt a passen op e puer Saachen op.
Am Ganze presentéiere sech eng 170 Exposanten. Wéi déi Jore virdru sinn och déi Kéier Liewensmëttel-Produzenten, Maschinnen-Händler ewéi och Déierenziichter vertrueden. D'Kooperativ "Fair Mëllech", déi dëst Joer hiren 10. Anniversaire feiert, setzt sech weiderhi fir ee faire Mëllechpräis an, mat deem d'Mëllechbauere gerecht fir hir Aarbecht bezuelt ginn. De Mëllechpräis huet sech an de leschten zwee Joren liicht verbessert.
D'Foire Agricole gëtt dëst Joer als hybrid Evenement organiséiert. Dat bedeit, datt iwwer e puer Kanäl een Animatiounsprogramm iwwerdroe gëtt. Ënnert anerem kréien d'Leit d'Méiglechkeet, regional Produiten ze bestellen.
E Freideg am spéiden Nomëtteg war den Ierfgroussherzog Guillaume, d'Ierfgroussherzogin Stéphanie an hire Jong de Prënz Charles bei där offizieller Ouverture present. D'Foire dauert nach bis e Sonndeg an ass tëscht moies 9 an owes 19 Auer op.
Op RTL.lu kënnt Dir d'Foire Agricole de Weekend iwwer am Livestream suivéieren.