D'Chamber an d'Regierung kruten e Méindeg de Moien de Rapport iwwert den Ëmgank mat der Corona-Pandemie an den Alters- a Fleegeheemer presentéiert.

Waringo-Rapport 2.0 / Reportage vum Fanny Kinsch

De Jeannot Waringo huet bedauert, datt wärend där Zäit, an där et méi roueg war, kee Kriseplang ausgeschafft gouf. Sou wéi et an der Educatioun geschitt ass, wier et sënnvoll gewiescht, eng Strategie virzeleeën, wéi a wéi enger Situatioun an den Haiser misst reagéiert ginn.

D'Recommandatiounen, déi d'Haiser vun de Ministèrë kruten, hätten zum Deel fir Konfusioun um Terrain gesuergt, besonnesch am Ufank vun der Kris. Esou wier dacks onkloer gewiescht, wien Auteur vun dëse Recommandatioune gewiescht wier. Déi Responsabel hätten zum Deel net gewosst, u wie si sech misste riichten, un de Familljeministère oder un d'Santé. Och d'Fro vun der Responsabilitéit wier net kloer gewiescht.

A kenger Struktur hätten déi Responsabel refuséiert, Reegelen z'applizéieren, ma se wieren dacks onsécher gewiescht, wat dat Richtegt wier. Wat de konkreete Fall vun Nidderkuer ugeet, an deem et ugangs vum Joer e gréissere Cluster gouf, dee mat Ausléiser vum Rapport war, sot de Jeannot Waringo, datt vill Facteure matgespillt hunn. Engersäits wier et en aalt Haus, vill Kummeren hätte keng eegen Toilette zum Beispill. D'Altersheem wier och relativ spéit dru gewiescht mat den Impfungen, an d'Leit wieren an engem zimmlech klenge Raum geimpft ginn, wat och net ideal war. Sécherlech wiere Feeler geschitt, déi an den Ae vum Jeannot Waringo awer nach méi am Detail missten analyséiert ginn, fir genee erauszefannen, firwat hei sou vill Leit gestuerwe sinn – déi 2 Méint vun der Etüd wieren dofir net duergaangen.

Dem leschte Stand vun der Etüd no waren iwwer 90 Prozent vun de Residenten an Alters- a Fleegeheemer geimpft a ronn 60 Prozent vum Personal. Allerdéngs hätt een am Gespréich mat den Haiser festgestallt, datt och Mataarbechter sech am Ausland impfe gelooss hunn, wat sech awer net an deenen Zuele spigele géing, sot de Fuerscher Joel Mossong. Dofir misst een eng Kéier nofroen, bei wéi ville Leit dat de Fall ass. Bei den Antigène-Tester hätt ee festgestallt, datt Leit, déi souwuel no enger Infektioun geheelt, wéi och geimpft sinn, am meeschten Antikierper hätten. Sollt eng weider Impfung néideg ginn, wier et deemno sënnvoll, bei deenen Haiser unzefänken, an deenen et keng Cluster gouf.

Direkt am Ufank sot de fréiere Chef vun der Finanzopsiicht, datt et a sengen Ae méi sënnvoll gewiescht wier, dës Analys net nëmmen op d'Altersheemer ze limitéieren. De Jeannot Waringo huet op Frankräich verwisen, wou eng Etüd vun der Krisegestioun am Allgemenge gemaach gouf. Vill Leit, mat deenen d’Ekippe ronderëm de Jeannot Waringo wärend hirer 2 Méint laanger Enquête geschwat hätten, hätten Angscht gehat.

11 Haiser goufe besicht, d’Ekipp huet mat 18 Direktiounsmembere geschwat a krut vun all Haus am Land e Rapport, wat si vun de Ministèrë gesot kruten a wéi eng Mesuren ëmgesat goufen.

No der Presentatioun vum Rapport kënnen d’Deputéiert éischt Froe stellen an en Dënschdeg de Mëtteg geet den Debat an der Chamber weider.

Reaktiounen op de Rapport

Déi meescht Deputéiert wäerten de Rapport e Méindeg de Mëtte wuel am Detail liesen an hir Conclusiounen duerno zéien.

An enger éischter Reaktioun huet d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen als éischt de Fait ervirgestrach, dass d'Direktiounen an d'Personal an den analyséierte Strukture mam beschte Wëllen an Engagement geschafft hätten. Duerno da kënnt d'Kritik un der Regierung.

"Et ass och kloer, dass fir d'Haiser näischt kloer war. Et ware keng richteg a kloer Recommandatiounen do. Wärend enger bestëmmter Zäit waren iwwerhaapt keng do. Et ass och e Fait, dass déi Zäit, wou et méi roueg war, kee Kriseplang ausgeschafft gouf. Dat sot den Jeannot Waringo ganz däitlech."

Och déi aner Oppositiounsparteien hunn d'Kritik aus dem Rapport un der Kommunikatioun vum Familljeministère opgegraff. Dem Sven Clement vun der Piratepartei no wär de Ministère vun der DP-Ministesch Corinne Cahen wärend der Pandemie progressiv verschwonnen.

Reaktiounen op de Waringo-Rapport / Pierre Jans

Dat ass eng Kritik, déi dem Fraktiounschef vun der Demokratescher Partei guer net schmaacht. Dat hei huet de Gilles Baum geäntwert, nodeems d'Journalisten a Journalistinnen hien e puer Mol mat der Kritik konfrontéiert haten.

"Ech kann nëmmen nach eemol widderhuelen: eng Recommandatioun, déi en Vigueur ass an net zeréckgezu gëtt, déi zielt. Ech mengen, dass all Altersheem seng eege Struktur huet an, dass se all anescht funktionéieren. Do ass eng gewësse Latitüd. Déi Leit, déi do d'Responsabilitéit hunn, si Professioneller. An déi wousste ganz genee, wat se mat deene Recommandatiounen hu misse maachen."

Virun e puer Wochen, hat d'CSV politesch Konsequenze fir d'Familljeministesch Corinne Cahen gefuerdert. Vun engem méigleche Récktrëtt war Rieds. Esou wäit, wollt d'Martine Hansen net goen. Um Méindeg géif fir d'éischt de Rapport studéiert ginn an da wéilt een den Debat vun en Dënschdeg ofwaarden, esou d'Fraktiounspresidentin vun der CSV. Der Partei hiren Deputéierte Michel Wolter, deen dëse Rapport mat enger entspriechender Motioun initiéiert hat, war e Méindeg de Moien net physesch am Cercle op der Plëss present. Hie war nëmme per Video bäigeschalt, wéinst senge Responsabilitéiten als Buergermeeschter vun der Gemeng Käerjeng.