
Dobäi koum, dass de Grupp vu 5 Persounen och muttwëlleg Saachen um Site vun der Tankstell zu Wolz futti gemaach hunn. De Grupp vu Jugendlecher ass dono fortgelaf, nach iert d’Police do war. No enger kuerzer Sich no de jonke Leit, goufen 3 vu 5 Jugendlecher fonnt. Déi hunn sech allerdéngs hefteg dogéint gewiert fir festgeholl ze ginn. Ënnert anerem gouf e Polizist an d’Gesiicht geschloen. Eng Persoun ass du méi spéit nach op de Police-Büro gaangen an huet hei d’Beamte beleidegt a menacéiert.
Well déi Jugendlech, déi warscheinlech alkoholiséiert waren, sech weider aggressiv verhalen hunn a weider Saachen zerstéiert hunn an op d’Poliziste gespaut hunn, gouf Verstäerkung geruff fir d’Situatioun ze berouegen.
Spéider koum eraus, dass 2 Persoune vun Dräibuer fortgelaf waren, déi dunn och nees spéider dohinner gefouert goufen. Eng Plainte géint de Grupp gouf gemaach.
En Dënschdeg an der Mëttesstonn gouf dann nach e weider Déif op enger Tankstell bei Maartel vum Sécherheetspersonal gestallt. De Mann wollt e puer Këschten Alkohol an ongeféier 50 Fläsche Vodka klauen, dat am Wäert vun 1764 Euro. Den Déif gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.