Och Lëtzebuerger Jugendherberge leiden ënner der Corona-Pandemie

Net nëmmen den Horeca-Beräich kuckt op e schwieregt Joer zeréck, och an den 9 Jugendherbergen am Land hat een zolidd Aboussen.
Zejoert goufen nëmme ronn 58.000 Iwwernuechtunge gezielt, wat der iwwer 100.000 manner si wéi nach 2019. Alles an allem schaffen aktuell eng 250 Leit fir de Reseau vun de Jugendherbergen am Land.
Interessant ze notéieren ass, datt een Drëttel vun alle Clienten an de Jugendherberge Leit vun iwwer 31 Joer sinn, déi eleng reesen.
Déi meescht Clientë ginn natierlech an der Jugendherberg an der Stad gezielt, hannendrun an deem Ranking leien Esch, Iechternach, Rëmerschen a Lëlz.
Déi meescht europäesch Clientë waren iwwerdeems Lëtzebuerger, viru belschen a franséische Visiteuren.