Bis elo sinn 30 Milliounen u Subside fir d’Nordstad-Fusioun virgesinn

© RTL Archivbild
120 Milliounen Euro, dat ass de Montant, deen déi 5 Gemengen, déi sollen zur Nordstad fusionéieren, fir de Projet fuerderen.
Dat wiere 5.000 Euro pro Awunner vun der spéiderer Gemeng. Eng Fuerderung, déi d’Porte-parole vum Fusiounsprojet, d’Pascale Hansen, och scho bei eis an der Emissioun Background geäussert an e Mëttwoch nach eng Kéier an engem Wort-Interview widderholl huet. LSAP-Inneministesch Taina Bofferding wëllt awer net noginn.
Op d'Menace, dass wann dës Fuerderung net erfëllt gëtt, de Projet vun der Fusioun Nordstad géing Verspéidung kréien oder méiglecherweis guer net géing zustane kommen, geet d’Taina Bofferding net an. U méi eng héich Propos, wéi déi, déi dem Ament um Dësch läit, wier awer grad net ze denken. 120 Millioune gi wéi gesot vun de Gemenge gefuerdert. En extrem héije Montant, wéi d'Inneministesch seet. An domat wäit iwwert deem, wat am Moment kéint ausbezuelt ginn. Besonnesch am Hibléck op déi momentan finanziell Situatioun, déi misst am A behale ginn. Wëll och wann d'Tendenze positiv sinn, kéint een den Ament nach keng Verspriechunge maachen. De Montant, op deen ee sech gëeenegt huet, léich bei 30 Milliounen Euro a wier schonn 10 Prozent méi héich wéi Subsiden, déi soss bei Fusiounen ausbezuelt ginn, sou d’Ministesch.
Et wäerten awer an Zukunft nach weider Diskussioune gefouert ginn, fir ze kucken, wat nach u Spillraum do wier, fir weider Ënnerstëtzungen. En Echec vum Projet soll op alle Fall evitéiert ginn. "Ech géif et ganz schued fannen, wann elo déi Fusioun esou net ka stattfannen", betount d'Taina Bofferding. Et wier awer nach e laange Wee bis dohinner an et stéing een nach ganz um Ufank. Bei enger Fusioun géinge Suen zwar natierlech eng grouss Roll spillen, mee se wären och net alles. Wichteg wier elo eng Visioun vun der Nordstad festzeleeën.
An der Regierung wier ee sech bewosst, datt d’Nordstad scho méi eng aussergewéinlech Fusioun ass, well et eben esou e grousse Projet ass. Dëse betrëfft d'Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ierpeldeng/Sauer, Ettelbréck a Schieren. D'Bierger an dëse Gemenge solle vill Virdeeler doduerch kréien, ënner anerem zum Beispill nei Infrastrukturen, bis hin zum Ausbau vu Gemengeservicer oder d'Kreatioun vun neie Servicer iwwerhaapt.
Ma um Enn wäerten et d’Bierger sinn, déi iwwer e Referendum decidéieren, ob et wäert zu deem Zesummeschloss kommen, oder awer net.