Gesetz zu Studiebäihëllefe gouf ugepasst
Studenten hunn elo dräi "Bonus-Semester" ze gutt
D’Gesetz vun de Studiebäihëllefe gouf Corona-bedéngt adaptéiert. D'Ännerunge sinn den 1. August a Kraaft getrueden.
Muss e Bachelorstudent säi Studium verlängeren an huet déi sougenannten zwee "Bonus-Semester" schonn opgebraucht, kann elo en drëtt "Bonus-Semester" ugefrot ginn.
Dat selwecht gëllt fir d'Masterstudenten, falls si wärend hirem Bachelorstudium nach keen esou ee "Bonus-Semester" geholl hunn. Huet een am Bachelor schonn 2 där Semestere gebraucht, huet een am Master just nach een "Bonus-Semster" ze gutt.
Am meeschte gelies