No Policeasätz mat kriddelegem oder déidlechem Ausgang gëtt et psychologesche Bäistand fir d'Beamten. Et muss awer och direkt juristesche Bäistand ginn.

Weder d'Policedirektioun, nach de Ministère hu sech beim Beamte gemellt, deen den 31. Juli de Mann zu Ettelbréck, dee mat engem Messer op hien duergaangen ass, erschoss huet, sou d'Kritik vun der Policegewerkschaft. De President vun der SNPGL, de Pascal Riquier, sot am RTL-Interview: „Do ass geschoss ginn, dee Polizist, deen huet en Trauma. An da muss deen dann direkt duerno kucken, fir sech en Affekot z’organiséieren." De Ministère fir d'Fonction Publique géing sengen Informatiounen no ganz dacks refuséieren, d'Affekotekäschte fir Beamten z'iwwerhuelen, obwuel d'Gesetz dat virgesäit.

D'Argument vum Ministère, et misst als éischt gepréift ginn, ob eng Faute grave besteet, géing keng Roll spillen, léisst de Pascal Ricquier net gëllen. De Beamte soll gehollef kréien, a wa sech ieren dono erausstellt, en hätt eng Faute grave gemaach, da misst de Ministère d'Suen zeréckfroen. D'Policedirektioun huet op Nofro hi per Mail och op d'Gesetz verwisen a schreift, e Polizist kann esou eng Demande maachen an d'Ministère fir Bannenzeg Sécherheet a fir d'Fonction Publique dann decidéieren. De Pascal Ricquier kritiséiert och, datt d'Gewerkschaft ze spéit informéiert gëtt, fir, wéi am Ausland, direkt kënnen dem Beamten zur Säit ze stoen.

D'Enquête vun der Generalinspektioun vun der Police a vun der Justiz stellt de President vun der Policegewerkschaft net a Fro. Och net, datt de Beamte seng Waffe ofgeholl krut. Bei aneren Asätz, déi zu enger Enquête iwwert e Beamte gefouert hunn, gouf de Beamten an de Bannendéngscht versat, dacks „fir eng laang Zäit“ wat och psychologesch net gutt wier. D'Policedirektioun weist hei op d‘“Mesures conservatoires“ hin. Laut Gesetz decidéiert dat entweder de Minister oder de Policedirekter oder den Direkter vun der Generalinspektioun. D'Decisioun muss „dûment motivée“ sinn. Dem Pascal Ricquier no wier am Beschten, wann no engem Asaz, wéi deen zu Ettelbréck, de Beamte mol eng Zäit géing krank gemellt ginn.

Bäistand fir Beamten / Rep. Fränz Aulner